Elia Millosevich

Vu Wikipedia
Elia Millosevich
Gebuer 5. September 1848
Venedeg
Gestuerwen 5. Dezember 1919
Roum
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Astronom
Member vun Accademia Nazionale delle Scienze

Den Elia Millosevich, gebuer de 5. September 1848 zu Venedeg a gestuerwen de 5. Dezember 1919 zu Roum, war en italieeneschen Astronom.

De Millosevich war Professer fir Astronomie am Istituto Nautico zu Venedeg a spéider Direkter vum Observatoire Collegio Romano zu Roum.

De Millosevich war op d'Observatioun an d'Berechnung vun Koméitebunndonnéeën an Asteroide spezialiséiert.
Zesumme mam Vincenzo Cerulli hat hien e Stärekatalog opgestallt.

1891 huet hien d'Asteroiden (303) Josephina an (306) Unitas entdeckt.

Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (69961) Millosevich genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]