Eligiuskapell Diddeleng

Vu Wikipedia
Eligiuskapell Diddeleng

Uertschaft / Plaz Diddeleng
Par Diddeleng
Saint-Martin
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Eligius
Konsekratioun 1964 (27. Sept.)
Architekt(en) Norbert Mangen
Koordinaten 49° 28’ 16.1’’ N
      06° 05’ 01.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Eligiuskapell vun Diddeleng ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Diddeleng Saint-Martin an zu der Gemeng Diddeleng gehéiert.

De Patréiner ass, wéi den Numm et scho seet, den hellegen Eligius, Schutzhellegen ënner anerem vun de Schmatten an deemno och vun de Stolaarbechter.

D'Kapell steet am Quartier op der Schmelz an der rue de la Libération, dem CR184.

De Grondstee vun der Kapell gouf de 6. September 1963 geluecht. D'Kapell gouf no de Pläng vum Architekt Norbert Mangen am "kubistesche" Stil gebaut. Si gouf de 27. September 1964 vum deemolege Generalvikar Jean Hengen geweit.

Besonnesch bemierkenswäert ass de 24 Meter héije roude Klackentuerm deen aus 3 Greyträger zesummegesat ass. En ass engersäits e Symbol fir d'Dräifaltegkeet an anerersäits weist en eng gewëss Verbonnenheet mat der Eisenindustrie aus där Géigend an dem Quartier.

D'Eligiuskapell gëtt zanter enger Zäit net méi benotzt. 2004 gouf d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]

Den 19. Mee 2013 ass d'Kapell als "Simultankierch" ageweit ginn, dat heescht, se ka souwuel als kathoulesch wéi och als protestantesch Kierch benotzt ginn. Ausserdeem ginn an der Kapell speziell Gottesdéngschter fir Leit ouni Gehéier ofgehalen. Eng Plack op der Fassad weist dorop hin.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Langevin, S. & S. Laruade, 2015. Investigation n°2: La chapelle Saint-Éloi. d'Lëtzebuerger Land Nr. 26 vum 26. Juni 2015, S. 16.
  • 2013. Eligiuskapelle in Düdelingen als "Simultankirche" eingeweiht. Luxemburger Wort vum 24. Mee 2013, S. 27
  • Albert Weber, 1984. 20 Jahre St.-Eligius-Kapelle in Düdelingen, Luxemburger Wort vum 26. Sept. 1984, S. 9

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eligiuskapell Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).