Elio Di Rupo
Den Elio Di Rupo, gebuer den 18. Juli 1951 zu Morlanwelz, ass e belsche Politiker vun der Parti Socialiste (PS) an zënter dem 6. Dezember 2011 Premierminister vun der belscher federaler Regierung.
Hie war Deputéierten (zäitweileg Chamber, zäitweileg Senat), Minister an der fëderaler Regierung an an der Franséischer Communautéit, a war zweemol Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun.
Zënter 1999 ass den Di Rupo President vun der PS an zënter 2001 Buergermeeschter vu Mons (wou en zënter 1982 am Gemengerot ass).
Hie gouf den 8. Juli 2010 vum Kinnek zum "Pré-formateur" fir eng nei Regierung ernannt, huet den 3. September awer d'Bengele bei d'Tromm geheit, fir dann nees, well keng Eenegung ënner dem Bart De Wever fonnt kunnt ginn, de 17. Mee 2011, dës Kéier als "Formateur" ernannt ze ginn. Am Dezember 2011 koum et zu engem Regierungsaccord.
Den Elio Di Rupo ass Chemiker an huet en Doktertitel vun der Universiéit Mons-Hainaut.
Hien huet den Éierentitel "Ministre d'État".
Seng politesch Mandater [änneren]
- 1982–haut: Member vum Gemengerot vu Mons
- 1986–1987: Schäffen zu Mons
- 1987–1989: Deputéierten an Belscher Chamber
- 1989–1991: Deputéierten am Europäesche Parlament
- 1991–1995: Senateur
- 1992–1993: Minister vun der Franséischer Communautéit fir den Enseignement
- 1993–1994: Minister vun der Franséischer Communautéit fir den Enseignement a fir Medien
- 1994–1995: Vizepremierminister, Minister fir Verkéier an ëffentlech Entreprisen an der Regierung Dehaene I
- 1995–2009: Deputéierten an der (fëderaler) Chamber
- 1995–1999: Vizepremierminister, Minister fir Economie, Telekommunikatioun a Commerce an der Regierung Dehaene II
- 1999–2000: Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun
- 2001–haut: Buergermeeschter vu Mons
- 2005–2007: Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun
- 2009–2010: Deputéierten am Wallounesche Parlament
- 2010–2011: Deputéierten an der Chamber
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Elio Di Rupo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Dem Elio Di Rupo säi Blog
- Informatiounen um Site vun der PS
- Site vun der VRT