Elio Di Rupo

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Elio di Rupo)
Elio Di Rupo
Gebuer 18. Juli 1951
Morlanwelz
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit Mons
Aktivitéit Chimist, Politiker
Partei Parti socialiste

Den Elio Di Rupo, gebuer den 18. Juli 1951 zu Morlanwelz, ass e belsche Politiker vun der Parti socialiste (PS). Hie war vum 6. Dezember 2011 bis den 10. Oktober 2014 Premierminister vun der belscher federaler Regierung, an dräimol Ministerpresident vun der Regioun Wallounien: vun 1999 bis 2000, vun 2005 bis 2007 an nees zanter dem 13. September 2019.

Hie war Deputéierten (zäitweileg Chamber, zäitweileg Senat), Minister an der federaler Regierung an an der Franséischer Communautéit, a war zweemol Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun.

Zanter 1999 ass den Di Rupo President vun der PS an zanter 2001 Buergermeeschter vu Mons (wou en zanter 1982 am Gemengerot ass).

Hie gouf den 8. Juli 2010 vum Kinnek zum "Pré-formateur" fir eng nei Regierung ernannt, huet den 3. September awer d'Bengele bei d'Tromm geheit, fir dann nees, well keng Eenegung ënner dem Bart De Wever fonnt konnt ginn, de 17. Mee 2011, dës Kéier als "Formateur" ernannt ze ginn. Am Dezember 2011 koum et zu engem Regierungsaccord.

Den Elio Di Rupo ass Cheemiker an huet en Doktertitel vun der Universiéit Mons-Hainaut.

Hien huet den Éierentitel "Ministre d'État".

Seng politesch Mandater[änneren | Quelltext änneren]

  • 1982–haut: Member vum Gemengerot vu Mons
  • 1986–1987: Schäffen zu Mons
  • 1987–1989: Deputéierten an Belscher Chamber
  • 1989–1991: Deputéierten am Europäesche Parlament
  • 1991–1995: Senateur
  • 1992–1993: Minister vun der Franséischer Communautéit fir den Enseignement
  • 1993–1994: Minister vun der Franséischer Communautéit fir den Enseignement a fir Medien
  • 1994–1995: Vizepremierminister, Minister fir Verkéier an ëffentlech Entreprisen an der Regierung Dehaene I
  • 1995–2009: Deputéierten an der (federaler) Chamber
  • 1995–1999: Vizepremierminister, Minister fir Ekonomie, Telekommunikatioun a Commerce an der Regierung Dehaene II
  • 1999–2000: Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun
  • 2001–haut: Buergermeeschter vu Mons
  • 2005–2007: Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun
  • 2009–2010: Deputéierten am Wallounesche Parlament
  • 2010–2011: Deputéierten an der Chamber
  • 2011-2014: Premierminister vun der Federaler Regierung vun der Belsch
  • zanter 2019: Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elio Di Rupo – Biller, Videoen oder Audiodateien