Elisabeth vu Görlitz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Elisabeth vu Görlitz a Béimen, Herzogin vu Lëtzebuerg, gebuer am November oder Dezember 1390 zu Hořovice a Béimen a gestuerwen den 2. August 1451 zu Tréier, war tëscht 1411 an 1443 Herzogin vu Lëtzebuerg.

D'Elisabeth war déi eenzeg Duechter an Ierwin vum Johann vu Görlitz, dem 3. Jong vum Keeser Karel IV.. Hie war Herzog vun der Lausitz a Görlitz an och fir kuerz Zäit Kurfürst vu Brandenburg. Hir Mamm, d'Richardis vu Mecklenburg-Schewerin, war d'Duechter vum Kinnek Albert vu Schweden.

D'Elisabeth huet d'Herzogtum Lëtzebuerg vun hirem Monnonk, dem Sigismund, als Pand kritt. Well hien d'Gage net zréckbezuele konnt, huet d'Elsiabeth d'Kontroll iwwer d'Herzogtum kritt.

De 16. Juli 1409 huet si sech zu Bréissel mam Antoine vu Brabant bestuet. Bis zu sengem Doud, 1415, huet hien hir gehollef, 3 Opstänn vu lëtzebuergeschen Adlegen nidderzeschloen. Si haten 2 Kanner, déi awer allebéid als Puppelche gestuerwe sinn:

  • Guillaume (2. Juni 1410 - 10. Juli 1410)
  • onbekannt (1412)

Nom Doud vum Antoine huet d'Elisabeth sech fir d'zweet bestuet mam Johann vu Bayern. Hien ass 1425 gestuerwen; si hate keng Kanner. No sengem Doud war d'Elisabeth staark verschëlt.

1441 huet si en Traité mam Philippe III. vun der Bourgogne gemaach, mat deem se him d'administrativ Rechter iwwer d'Herzogtum Lëtzebuerg iwwerdroen huet an hien zu sengem Ierwe vum Herzogtum festgeluecht huet. Mä schonn zwee Joer drop huet hien nuets Lëtzebuerg eruewert an et sou a säi Besëtz geholl. Et gouf domat Deel vun de Burgundeschen Nidderlanden.

D'Elisabeth gouf aus Lëtzebuerg verdriwwen an huet sech zu Tréier niddergelooss. Si gouf, no hirem Doud, an der Franziskaner-Minoritekierch (haut Dräifaltegkeetskierch Tréier) begruewen.