Elisabeth vun Éisträich-Ungarn

Vu Wikipedia
Elisabeth vun Éisträich-Ungarn
Gebuertsnumm Elisabeth Amalie Eugenie in Bayern
Pseudonym Sissi, Sisi
Gebuer 24. Dezember 1837
München
Gestuerwen 10. September 1898
Genf
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Aktivitéit Monarch

D'Elisabeth Amalie Eugenie, Herzogin in Bayern (och Sisi oder Lisi genannt, zënter den Ernst-Marischka-Filmer och als Sissi bekannt), gebuer de 24. Dezember 1837 zu München a gestuerwen den 10. September 1898 zu Genf, war eng Prinzessin aus dem Haus Wittelsbach, déi duerch hiert Bestietnes mam Franz Joseph I. vun 1854 u Keeserin vun Éisträich a vun 1867 un Apostoulesch Kinnigin vun Ungarn gouf.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si war dat véiert vun zéng Kanner vum Herzog Max Joseph a Bayern (1808–1888) a senger Fra, der Prinzessin Ludovika Wilhelmine (1808–1892). Si ass mat hire Sëschteren am Schlass Possenhofen opgewuess. Am August 1853 ass se mat hirer Mamm an hirer Schwëster Helene op Bad Ischl gaangen, wou sech d'Helene mam éisträichesche Keeser Franz Joseph op deem sengem 23. Gebuertsdag verlobe sollt. De Franz Joseph huet awer der 15järeger Elisabeth d'Preferenz ginn.

D'Hochzäit ass mat groussem Pomp de 24. Abrëll 1854 zu Wien gefeiert ginn. Opwuel si keng Frëndin vun der kierperlecher Léift war huet d'Elisabeth e knappst Joer duerno mat 17 Joer hiert éischt Kand op d'Welt bruecht, d'Sophie Friederike. D'Joer drop gouf d'Duechter Gisela gebuer. Op enger Rees duerch Ungarn si béid Meedercher uerg krank gi mat Duerchfall a Féiwer. D'Gisela war geschwënn drop nees gesond, mä d'Sophie ass mat zwee Joer an der Sisi hiren Äerm gestuerwen. 1858 huet d'Elisabeth de Krounprënz Rudolf Franz Karl Joseph op d'Welt bruecht, wat hire Stand beim Haff verbessert huet. Fréi huet hir Schwéiermamm, d'Äerzherzogin Sophie, sech ëm d'Kanner bekëmmert.

D'Elisabeth huet un enger Longekrankheet gelidden an hat Unzeeche vun Depressiounen. Si huet staark op hir laang Hoer an hir Figur opgepasst, a mat wéineg iessen, Diäten an Turnübungen huet s'et fäerdegbruecht bei enger Kierpergréisst vun 1,72 m praktesch ni iwwer 50 kg ze leien. Déi strikt Etikett um Haff war guer net hires a si huet all Geleeënheet ausgenotzt fir deem z'entwutschen. Si war dacks op Reesen oder huet carrément am Ausland gewunnt, ë. a. an Ungarn an an hirer Villa op Korfu. De Keeser Franz Joseph huet der Elisabeth hir seele Visite beim Haff genoss a war hir Zäit senges Liewens ëmmer mat grousser Nosiicht erginn[onkloer].

Zu de wéinege politeschen Aktivitéite vun der Keeserin huet den éisträichesch-ungaresche Kompromëss gehéiert: Ungarn krut seng Verfassung vun 1848 zeréck, den 8. Juni 1867 goufen de Keeser Franz Joseph an d'Keeserin Elisabeth zu Budapest als Kinnek a Kinnigin vun Ungarn gekréint, an déi zwee Länner sinn als Éisträich-Ungarn zesummegaangen.

1868 koum d'Valerie op d'Welt, ëm déi sech d'Keeserin am Géigesaz zu hiren anere Kanner vill selwer gekëmmert huet.

Hiren eenzege Bouf, de Rudolf, huet sech 1889 zesumme mat senger Freiesch Marie Vetsera op Schlass Mayerling d'Liewe geholl. Dat huet d'Elisabeth uerg getraff a vun do un huet se just nach Schwaarz gedroen.

1898 no engem Besuch zu Genf bei der Famill Rothschild ass se do vum italieeneschen Anarchist Luigi Lucheni ëmbruecht ginn, deen hir eng selwer zougespëtzt Feil an d'Häerz gestach huet.

D'Elisabeth ass zënterhier zu enger historescher Ikon an enger staark romantescher Figur verkläert ginn, absënns an den 1950er Joren duerch d'Serie vun den dräi Sissi-Filmer mat der Romy Schneider an der Titelroll.

De wuel bekanntste Porträt vun der Keeserin (1865) Lieblingsporträt vun hirem Mann (1864) D'Keeserin mat hirem Wollefshond (1867)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elisabeth vun Éisträich-Ungarn – Biller, Videoen oder Audiodateien