Elizabeth I. vun England

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Elizabeth I. vun England
Titelen
Kinnigin vun England an Irland
Zäit 17. November 1558 bis 24. Mäerz 1603
Biographie
Gebuer 7. September 1533 jul.
Palais vu Placentia
Gestuerwen 24. Mäerz 1603 jul.
Palais vu Richmond
Bestuet mat keng
Papp Henry VIII.
Mamm Anne Boleyn
Geschwëster Mary I., Edward VI.
Kanner keng
Kinnigin Elizabeth I. vun England

D'Elizabeth I., gebuer de 7. September 1533 a gestuerwen de 24. Mäerz 1603, war Kinnigin vun England a Kinnigin vun Irland vum 17. November 1558 bis zu hirem Doud.

D'Elizabeth war déi fënneft a lescht Monarchin aus der Tudor Dynastie. Als Duechter vum Henry VIII. ass si als Prinzessin op d'Welt komm, mä hir Mamm, d'Anne Boleyn, ass higeriicht ginn, wéi d'Elizabeth 3 Joer hat.

1558 huet d'Elizabeth eng nei Reegel agefouert. D'Beroder vun der Kinnigin waren de William Cecil, I. Barong Burghley. Als eng vun hiren éischten Amtshandlungen als nei Kinnigin huet si sech agesat, eng Protestantesch Kierch ze grënnen.

Dem William Cecil war et wichteg, datt d'Kinnigin sech sollt bestueden. Wei en ze vill insistéiert huet, huet d'Elizabeth en dunn entlooss. Obwuel bekannt war, datt d'Kinnigin e Freier hat, huet si sech ni bestuet, warscheinlech fir d'Muecht am Staat net mat enger anerer Persoun deelen ze mussen. Well se ni bestuet war, gouf d'Elizabeth trotz hirer Liaisoun als "Virgin Queen" bekannt.

D'Elizabeth war d'Chefin vun engem staarke Regime, ënner hir war England eng unerkannte Muecht an et gouf keng gréisser Konflikter méi am Räich. De Problem war datt se keen Ierwen hat. No hir koum den James I. aus Schottland, den éischte Stuart, op den Troun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elizabeth I of England – Biller, Videoen oder Audiodateien