Elsass-Loutrengen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Regioun

Elsass-Loutrengen (deut.: Elsass-Lothrigen, frz.: Alsace-Lorraine) sinn déi franséisch Gebidder, déi nom verluerene Krich vun 1870/71 am Preliminärfridde vu Versailles de 26. Februar 1871 festgehale goufen an am Traité vu Frankfurt, den 10. Mee 1871 un dat Däitscht Keeserräich goungen an déi nom Éischte Weltkrich u Frankräich zréckkoumen. Am 2. Weltkrich huet den Hitler déi Gebidder "zréck"-geholl. Och haut nach ginn an Elsass-Loutrengen, besonnesch um Land, däitsch Dialekter geschwat an al däitsch Bräicher ugewennt, wat der Regioun eng gewëssen Eegenaartegkeet bannent dem franséischen Ensembel gëtt.

Den Territoire a seng Elementer[änneren | Quelltext änneren]

Déi Gebidder waren dat am Elsass, d'Departement Bas-Rhin an d'Departement Haut-Rhin, awer ouni den Territoire de Belfort,[1] an ongeféier een Drëttel vun der franséischer Regioun Loutrengen, méi genee gesot, de gréissten Deel vum deemolege Museldepartement mat Ausnam vu Briey, zwee Arrondissementer vum deemolegen Departement Meurthe, an zwar Château-Salins a Sarrebourg, plus e puer Gemengen am Oste vum Departement Vosges an zwar d'Gemengen aus de Kantone Saales a Schirmeck.[2] Déi Gebidder, déi Frankräich verluer hat, goufen, als Kollektivbesëtz vun den däitsche Staaten, an dat däischt Räich integréiert, an direkt der Staatsgewalt vum Keeser ënnerstallt.[3] D'Stad Metz, déi schonn ëmmer am romanesche Kulturkrees gewiescht war, gouf nawell annektéiert, an zwar aus militäreschen Iwwerleeungen eraus: Metz hat eng formidabel Festung, déi elo géint Frankräich konnt benotzt ginn. D'Grenz tëscht Frankräich an Däitschland déi vun vun 1871 bis 1918 gréisstendeels laanscht d'Vogesen gelaf ass gouf vun no 1893 un och Ligne bleue des Vosges genannt.

Den däitsch-franséisch-lëtzebuergeschen Dräilännereck louch du bei Bieles.

D'Geschicht vun den Territoirë virun 1871[änneren | Quelltext änneren]

1871-1919 Elsass-Loutrengen als Deel vum Däitsche Räich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Franséisch-Preisesche Krich dee Frankräich verluer hat koum e groussen Deel vun den Territoirë vum Elsass a vu Loutrengen als sougenannt Reichsland un dat däitscht Keeserräich, a blouf do bis nom Éischte Weltkrich, wéi et zréck bei Frankräich koum. De Begrëff Elsass-Loutrengen staamt aus de legislativen Texter vun där Zäit.[4]

D'Bevëlkerung aus de Gebidder déi sollten annektéiert ginn, war guer net waarm fir d'Annexioun, an hir 56 Vertrieder déi spéider Protestdeputéiert genannt goufen, hunn der Nationalversammlung déi den 1. Mäerz 1871 zu Bordeaux ofgehale gouf, eng deementspriechent Deklaratioun virgeluecht. No den Erklärunge vum Thiers den zesumme mat dem Favre de virleefege Friddensvertrag zu Versailles ënnerschriwwen hat, gouf ofgestëmmt. 546 Deputéiert hu fir d'Annexioun gestëmmt, 107 waren der dogéint an 23 hate sech enthalen. Doropshin hunn d'Deputéiert aus den Departementer vum Elsass a vu Loutrengen, kollektiv demissionéiert.

Tëscht de Weltkricher[änneren | Quelltext änneren]

Nom Éischte Weltkrich, wéi Frankräich d'Gebitt Elsass-Loutrengen recuperéiert huet, sinn déi administrativ Grenzen, déi Däitschland gezunn hat, bäibehale ginn. Den Département de Meurthe-et-Moselle, deen 1871 vu Frankräich gebilt gi war, ass trotz senger komescher Form onverännert bliwwen; an deen Deel vu Loutrengen, dee vun Däitschland annektéiert gi war, ass als "Département de la Moselle" zréckkomm.

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich huet d'Nazidäitschland Elsass-Loutrengen un d'Drëtt Räich annektéiert. D'Gebitt sollt an de geplangte Gau Westmark integréiert ginn. Dee Gau ass awer ni zustane komm ass, sou datt dat sougenannt CdZ-Gebitt Loutrengen vum Reichsstatthalter an der Westmark vu Saarbrécken aus dirigéiert gouf.

Vun 1942 un gouf am Elsass an a Loutrengen d'allgemeng Wehrflicht agefouert. Déi franséisch Zwangsrekrutéiert d'Malgré-nous hu missen hire Militärdéngscht an der Wehrmacht respektiv an der Waffen-SS maachen.

De Statut vun de Kierchen[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den Traité vu Frankfurt war och déi administrativ Zougehéieregkeet vun de Kierchen nei festgeluecht ginn. Fir d'Kierche vun der Augsburger Konfessioun, a vun de reforméierte Kierche war festgehale ginn datt se net méi vum ieweschte Consistoire vu Stroossbuerg sollten ofhänken an d'Israelitesch Communautéite sollten net méi vum israeliteschen Zentralconsistoire vu Paräis ofhänken. D'Regelung fir d'Kathoulesch Kierch, där hir Diözesen duerch déi nei Grenz gespléckt goufen, konnt eréischt nom Accord vum Poopst geholl ginn, a gouf an engem Zousazprotekoll vum 7. Oktober 1874 fesgehalen.[5]

A Frankräich war et 1905 zur Trennung vu Staat a Kierch komm, an Elsass-Loutrengen war deemno net dovu betraff. Wéi dat Gebitt 1918 nees franséisch gouf, krut et dunn ee spezielle Statut bannent der 3. Franséischer Republik: de System, deen de Konkordat vun 1801 geschafen hat, gouf am grousse Ganze beibehalen, an zwar bis haut.

Autonomismus[änneren | Quelltext änneren]

Am Elsass gouf et a gëtt et mol regionalistesch, autonomistesch oder souguer separatistesch Bestriewungen, wéi dat och am Baskeland, an der Bretagne oder op Korsika de Fall konnt oder ka sinn.

Den 31. Oktober 2009 ass nees sou eng regionalistesch Partei gegrënnt ginn, an zwar Unser Land - Le Parti Alsacien, mam Zil d'Elsass z'eenegen a wa méiglech onofhängeg vum Paräisser Zentralismus ze maachen. Déi nei Partei konnt schonn e puer Méint no hirer Grënnung e lokalen Erfolleg verbuchen: mat 54,79 % vun de Stëmme gouf den David Heckel de 27. Mäerz 2011 géint de Simon Schmidt (UMP) an engem Ballotage zum Generalrot (conseiller général) vum Kanton Sarre-Union gewielt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

N.B.: D'Elsässer an d'Loutrenger hu verschidde Sensibilitéiten a jeeweils een eegent Geschichtsverständnes. Deemno ass et kee Wonner, datt vill Historiker aus där 1871 kënschtlech geschafener Géigend sech "nëmmen" oder haaptsächlech mat "hirem" Deel ofginn... Wat elo däitsch Auteuren ubelaangt, do spillen dacks genuch aner, pangermanistesch an annexionistesch Gedanke mat.

  • A. Wahl, L'option et l'émigration des Alsaciens-Lorrains ; Gap, 1974.
  • Verschidden Auteuren, Das Reichsland Elsass-Lothringen ; 3 Bänn; Frankfurt, 1931-36.
  • Roland Oberlé, L'Alsace au temps du Reichsland ; Mulhouse (Éditions ADM), 1990.
  • L. Kettenacker, Nationalsozialistische Volkstumspolitik im Elsass ; Stuttgart, 1973.
  • E. Mey, Le drame de l'Alsace (1939-1945) ; Paräis, 1949.
  • François Roth, Les Lorrains entre la France et l'Allemagne ; Dokterthes, Universitéit Nanzeg, 1976.
  • François Roth, Les Lorrains entre la France et l'Allemagne - Itinéraires d'annexés ; erausgi vun der Universitéit Nanzeg a vun den Éditions Serpenoise (Metz), 1981.
  • Joseph Burg, "Malgré-nous" à 18 ans en Russie ; Sarreguemines (Pierron), 1985.
  • François-Yves Lemoigne (Uni Metz; éditeur), La Moselle et les Mosellans dans la Seconde Guerre mondiale ; Metz (Serpenoise), 1984.
  • D. Wolfanger, Nazification de la Lorraine mosellane (1940-1945) ; Sarreguemines (Pierron), 1982; 229 Säiten.
  • K.H. Rothenberger, Die elsass-lothringische Heimat- und Autonomiebewegung zwischen den beiden Weltkrigen ; Frankfurt, 1975.
  • Pierri Zind, Elsass-Lothringen - Alsace-Lorraine, une nation interdite 1870-1940 ; Paräis (Copernic), 1979; 691 Säiten. ISBN 2-85984-048-6

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Artikel 1 vum Vertrag vu Frankfurt
  2. Traité de Francfort
  3. De § 3 vum Gesetz vum 9.Juni 1871 seet: Die Staatsgewalt in Elsaß und Lothringen übt der Kaiser aus. Dee Paragraph gouf zesumme mam Paragraph 4 duerch d'Gesetz vum 31. Mee 1911 iwwer d'Verfassung vun Elsass-Loutrengen ogehouwen, awer nees an deem Gestz duerch de § 1 confirméiert.
  4. A kengem vun deenen Texter geet vun engem Reichsland Rieds.
  5. Text op Wikisource