Elvinger Hoss Prussen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Elvinger, Hoss & Prussen)
Elvinger Hoss Prussen
Typ Aktiegesellschaft (S.A.)
Grënnungsdatum 1964, 2016 als S.A.
Sëtz 2, place Winston Churchill
L-1340 Lëtzebuerg
Branche Droit
Homepage ehp.lu

Elvinger Hoss Prussen, gekierzt EHP, ass ee vun de bedeitendsten Affekotebüroen zu Lëtzebuerg[1].

D'Etüd gouf 1964 vum André Elvinger a Jean Hoss gegrënnt. Den 30. September 2016 gouf se als Aktiegesellschaft gegrënnt an den 11. Oktober 2016 am Handelsregëster ageschriwwen[2].

EHP spillt eng zentral Roll an der Gestioun vu Fongen zu Lëtzebuerg a war och ëmmer enk mat der Lëtzebuerger Politik verknëppt. Zu den drësseg Partner vun der Etüd zielen 2014 och zwéin Deputéiert, de Franz Fayot (LSAP) an de Léon Gloden (CSV).

Elvinger Hoss Prussen huet och Dependancen zu Hong Kong an zu Paräis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bernard Thomas, Les maîtres, D'Lëtzebuerger Land, 15. Mai 2014.
  2. Als „Elvinger Hoss Prussen“ ënner der Nummer B209469 agedroen