Emil von Sydow

Vu Wikipedia
Emil von Sydow
Gebuertsnumm Theodor Emil von Sydow
Gebuer 15. Juli 1812
Freiberg
Gestuerwen 13. Oktober 1873
Berlin
Nationalitéit Kinnekräich Preisen, Schweden
Aktivitéit Kartograph, Geograph

Den Emil von Sydow gebuer de 15. Juli 1812 zu Freiberg a Sachsen, a gestuerwen den 13. Oktober 1873 zu Berlin, war en däitschen Offizéier, Geograph a Kartograph.

Hien huet 1838 d'Regionalfaarwemethod an der Kartographie agefouert. Bei där Method goufen déi grouss Forme vun der Äerd faarweg op de Kaarte gezeechent.

An de Jore vun 1842 bis 1844 huet hien de Methodischen Hand-Atlas für das wissenschaftliche Studium der Erdkunde erausginn. No 1888 gouf den Atlas vum Hermann Wagner ënner dem Numm Sydow-Wagners Methodischer Schulatlas nei beaarbecht a bis zur 23. Oplo am Joer 1944 weidergefouert.