Emile Back

Vu Wikipedia
Emile Back
Gebuer 24. Mee 1933
Bech-Maacher
Gestuerwen 11. Mäerz 2012
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei KPL

Den Emile (“Mulles”) Back, gebuer de 24. Mee 1933 zu Bech-Maacher, gestuerwen den 11. Mäerz 2012 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergesche Syndikalist a Politiker.

Den Emile Back, deen als “ajusteur-serrurier” op der Déifferdenger Schmelz (HADIR, duerno ARBED) geschafft huet, war en aktive Militant vum LAV an duerno vum OGB-L; vun 1979 bis zu senger Pensioun 1990 war hien haaptberuffleche Personaldelegéierten.

Vum 6. November 1987 u bis an d'Joer 2005 war hien am Déifferdenger Gemengerot, laang Zäit als Member vun der KPL, spéider als Onofhängegen. Vun 1990 bis 1993 war hie Schäffe vun der Gemeng Déifferdeng, wou hien de 25. Abrëll 1990 de Bruno Piazza ersat huet. Vum 19. Abrëll 1994 bis de 5. Juni 1994[1] war hien als Vertrieder vun der KPL an der Chamber, wou hien dem André Hoffmann säi Mandat fäerdeg gemaach huet.

Den Emile Back huet a senger Jugend fir d'A.S. Déifferdeng a virun allem fir d'Red Boys Foussball gespillt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mosar, L., 2012. Hommage à la mémoire de M. Emile Back, ancien Député. Chambre des Députés. Compte rendu des séances publiques N° 7. Session ordinaire 2011-2012. Séance N° 20, mardi 27 mars 2012, S. 240. [1]
  • Zenner, Roby, 2012. À la mémoire d'Emile Back d'Oberkorn. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 84 (28./29. Abrëll), S. 24; Luxemburger Wort 2012, Nr. 111 (11. Mai), S. 68.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wort.lu