Emile Gretsch

Vu Wikipedia
Emile Gretsch
Gebuer 12. August 1908
Iechternach
Gestuerwen 18. Juli 2004
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter

Den Emile (Bub) Gretsch, gebuer den 12. August 1908 zu Iechternach an do gestuerwen den 18. Juli 2004, war e lëtzebuergesche Fechter[1] a Fraendokter.

Hien huet am Fechten un 3 Olympesche Spiller deelgeholl (1948, 1952 a 1956) an huet sech individuell 1948 am Florett als 5., am Degen als 8. an 1952 mat der Ekipp als 4. am Dege klasséiert.

Den Emile Gretsch war Haffdokter an duerno Médecin de la Cour honoraire. Hie war de Jong vum Dr. Gust Gretsch.

Sportleche Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Aner sportlech a parasportlech Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1951-1957: President vun der lëtzebuergescher Fechter-Federatioun
  • Grënnungsmember vun der Société luxembourgeoise de la Médecine Sportive (S.L.M.S.)
  • 1966-1972: President vun der Société luxembourgeoise de la Médecine Sportive (S.L.M.S.)

Sportlech Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1984: Präis als Fair-Player am Sport
  • Präisdréier vun der CIO-Trophée Ethique sportive, déi den deemolegen Ierfgroussherzog Henri him 1998 fir säi Liewenswierk am Sport iwwerreecht huet
  • Kreatioun vun engem Challenge Dr Emile Gretsch fir Junioren am Fechten

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Großes Silbernes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (Emile Gretsch, S. 635-636).
  • Luxemburger Wort, 1988. Hofarzt Dr. Emile Gretsch wird 80. Luxemburger Wort 1988, Nr. 186 (12. August), S. 5.
  • Schwebag, P., 1999. Dr. Gust Gretsch (1867-1960). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999. Années 1997-1998, S. 265-273 (Emile Gretsch, S. 273).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Emile Gretsch op der Websäit sports-reference.com
  2. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten