Emile Haag

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Emile Haag, gebuer de 24. Juli 1942 zu Hënsdref, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker, a Gewerkschaftler.

[änneren] Biographie

Den Emile Haag huet seng Secondairesstudien am Dikrecher Kolléisch gemaach. No de Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg goung hien d'éischt op Aix-en-Provence an dunn op Paräis Geschicht studéieren.

Nom Militärdéngscht a nom lëtzebuergeschen Doktorat (1968) gouf hie Professer am Stater Kolléisch. 1981 gouf hien 'Directeur adjoint', a vun 1993 bis 2007 war hien Direkter vum Kolléisch.

Vu 1969 un huet den Emile Haag och op der europäescher Antenn vun der Miami University (Ohio), dem John Dolibois Center an der Stad, spéider zu Déifferdeng dozéiert. Hie war och zwee Joer laang Guest Lecturer op der Miami University an Amerika (1971-1973). Do krut hien en "Award for outstanding teaching".

Vun 1973 bis 1980 huet hie Recherchen am lëtzebuergeschen Nationalarchiv gemaach, a vun 1980 u war hie Chargé de cours fir Zäitgenëssesch Geschicht am deemolege Centre universitaire de Luxembourg.

Den Emile Haag ass zanter 1978 membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal, an zanter 2008 President vun der Union luxembourgeoise pour l'histoire et le patrimoine (ULHP).

Zënter 1987 ass den Emile Haag Nationalpresident vun der CGFP. Hien ass och President vun der Beruffschamber vun der Fonction publique. 2010 gouf hie fir eng drëtt Mandatsperiod vu fënnef Joer erëmgewielt.

[änneren] Wierker (Auswiel)

  • Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles ; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • Les gouvernements luxembourgeois face aux grandes crises 1867, 1919, 1940. In: Mémorial 1989 - La société luxembourgeoise de 1839 à 1989; Les Publications mosellanes, 1989; S. 144-155.
  • (mam Émile Krier): 1940 - L'année du dilemme. La Grande-Duchesse et son gouvernement pendant la Deuxième Guerre mondiale. Luxembourg : RTL-édition, 1987; Esch-sur-Alzette, éditpress.
  • Die Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst (Gedelit). In: Hémecht, Jg. 28(1976), H. 1, p. 5-26; H. 2, S. 101-128; H. 3, S. 285-320; Jg. 29(1977), H. 2, S. 133-171.
  • Was wollte Bismarck mit der Luxemburger Affäre 1867 ? In: Hémecht, Jg. 23(1971), H. 1, S. 43-58.

[änneren] Literatur

  • mt , "Man muss die Schule attraktiver gestalten" - Gespräch mit dem neuen Direktor des Athenäums, Prof. Émile Haag ; in: Luxemburger Wort , Ausgab vum 16. Juli 1993.
  • Margaret Ferns, International Baccalaureate in English at the Athénée de Luxembourg - Director Émile Haag explains reasoning and application ; in: 352 Luxembourg News, Nr. 173, 29. Mäerz 2007; Ss. 4-5 (= cover story).
  • Roland Houtsch, Wort-Gespräch mit Émile Haag : Lernen als persönliche intellektuelle Anstrengung - Der frühere Athénée-Direktor befindet sich in höchst aktivem Ruhestand ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 15. Oktober 2007, S. 15.
  • Steve Heiliger, Kurzinterview - Eine Geschichte mit vielen Gesichtern - Anhand von Porträts namhafter Persönlichkeiten zeichnet CGFP-Nationalpräsident Émile Haag die Geschichte Luxemburgs auf eine originelle Weise auf ; in: fonction publique, Nr. 217, Oktober 2011; S. 6.
  • Jeff Baden, "Le Luxembourg - une réussite originale au fil des siècles" - Comment nous sommes devenus ce que nous voulons rester - Grouss Personnagen, wichteg Plazen an Epoche vu gëschter an haut ; in: Die Warte / Perspectives , Nr. 35|2349, S. 2; Kulturbäilag vum Luxemburger Wort , Ausgab vum 8. Dezember 2011.
  • [?], Une autre histoire - Luxembourg (sic!), une réussite originale - Émile Haag livre une vision fascinée de l'histoire du pays ; in: Le Jeudi , Ausgab vum 15. Dezember 2011.
  • Renée Wagener, Histoire nationale - La riposte des Anciens archivéiert; in: woxx , Nr. 1142-1143, 23. Dezember 2011; Ss. 18-19.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht