Emile Krieps

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Emile Krieps

Den Emile Krieps, gebuer de 4. Januar 1920 zu Déifferdeng, gestuerwen den 30. September 1998 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Resistenzler, Beruffsoffizéier an DP-Politiker.

No senge Studien ass den Emile Krieps nach virum Zweete Weltkrich Schoulmeeschter zu Déierbech ginn.

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

Zesumme mam Josy Goerres vun Déifferdeng huet hien d'Resistenzorganisatioun "Service d'Action et de Renseignement des Patriotes Indépendants" (SAR-PI-MEN) gegrënnt. Hir Missioun war et, Lëtzebuerger a Krichsgefaangen iwwer d'franséisch Grenz ze schleisen a se do a Sécherheet ze bréngen.

Den 19. November 1941 ass hie vun der Gestapo wéinst aktiver Resistenz verhaft ginn a koum op Hinzert. Den 20. Mee 1942 ass hie krankheetsbedéngt do erausgelooss ginn. Seng Plaz als Schoulmeeschter hat hien awer verluer. Hien ass direkt a Frankräich an duerno iwwer d'Pyrenäen a Spuenien geflücht. Do ass hie vun der Franco-Police verhaft ginn a gouf am Konzentratiounslager vu Miranda de Ebro internéiert. Hie konnt sech awer derduerch maachen an huet London erreecht, wou hie sech den Norichtendéngschter vun den Alliéierten zur Verfügung gestallt huet. Mat enger Spezialmissioun beopdraagt, gouf hien de 4. Juli 1944 iwwer der Belsch mat engem Fallschierm ofgesat.

De Beruffsoffizéier[änneren | Quelltext änneren]

Hie war bei der Liberatioun vu Lëtzebuerg dobäi an ass an d'Lëtzebuerger Arméi agetratt.

Den 2. August 1946, um fënnef Auer moies, sinn den Emile Krieps, de Leitnant Robert Winter, de Majouer Rudy Ensch an de Leitnant Jean Juttel, alle véier Resistenzler, vun der Sûreté verhaft ginn. Si krute vigeworf, de sougenannte Putsch vun den Offizéier géint d'Regierung vun der Nationaler Unioun ënner dem Pierre Dupong geplangt ze hunn.[1] Et huet sech awer erausgestallt datt et sech ëmm e montéierte Coup gehandelt hat, bei deem de Minister Joseph Bech als Drotzéier gegollt huet.

1967 ass hie Leitnant-Colonel vun der Lëtzebuerger Arméi ginn. Wéi den obligatoresche Militärdéngscht Enn 1967 ofgeschaaft gouf, huet hien d'Arméi verlooss fir an d'Politik ze goen. Am Januar 1968 ass hie Member an der DP ginn. Am Mäerz 1969 ass hien als Deputéierten an d'Chamber komm, nodeem de Camille Polfer Sportskommissär gouf.

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Vum Januar 1970 bis Februar 1971 war hie Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Den 9. Juli 1971 ass hien an der Regierung Werner-Schaus II Staatssekretär am Inneministère ginn. Minister fir Gesondheet an Ëmwelt, Minister fir Ëffentlech Verwaltung an Arméiminister gouf hien de 15. Juni 1974 an der Regierung Thorn-Vouel-Berg. De 16. September 1977 gouf hien zousätzlech Sportsminister.

Vum 16. Juli 1979 bis den 20. Juli 1984 war e Gesondheetsminister, Sportminister, an Arméiminister an der Regierung Werner-Thorn-Flesch.

Tëscht 1984 a 1994 war en nees Deputéierten um Krautmaart an der Oppositioun. 1994 huet den Emile Krieps sech aus der aktiver Politik zréckgezunn.

Hie war awer och mam Dëschtennis verbonnen. A senger Jugend hat hien an der éischter Equipe vum Cercle Ping-Pong Differdange gespillt. Tëscht 1964 an 1972 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de tennis de table. Hie war och laang Éierepresident vum Cercle Para Luxembourg , dem Fallschiermclub, deen zu Näertrech aktiv ass.

Am Nomëtteg vum 30. September 1998, ass den Emile Krieps, no enger Operatioun an der Clinique Ste-Elisabeth an der Stad Lëtzebuerg, am Alter vun 78 Joer onerwaart gestuerwen.

Bis zu sengem Doud war den Emile Krieps President vun der "Association des anciens combattants de la guerre 1939-1945 et des forces des nations unies". Des Organisatioun heescht elo "Association des anciens combattants de la guerre 1939-1945, des forces des nations unies et des soldats de la paix luxembourgeois". Den aktuelle President ass de Colonel Honoraire Rudy Lutty.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Émile Krieps: In geheimer Mission. In: Korspronk: bulletin des Amis de l'histoire Differdange. - Differdange. - N° 17(1998), S. 153-157.
  • Émile Krieps: Differdange, centre de la résistance et de l'évasion. In: 50e anniversaire de la Fondation de la Section de Differdange de la Ligue des prisonniers et déportés politiques. - Differdange. - S. 31-34.
  • Émile Krieps: À la mémoire d'Albert Stoltz : grand résistant et combattant allié. - In: Tageblatt. - Esch-sur-Alzette. - 1990, Nr. 98 (27. April), S. 19. — Och publizéiert am: Luxemburger Wort. - Jg. 143(1990), Nr. 96 (25. April 1990), S. 8.
  • Émile Krieps: 1881-1981 : L'histoire de la Force publique luxembourgeoise. In: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 84(1981), Nr. 262, S. 2.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hilbert, Roger: Resistenzbilder in: De Mierscher Gemengebuet. - Mersch. - Nr. 70, Mäerz 2005, S. 39-44.
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Kayser, Edouard: Notre Président d'Honneur, Emile Krieps, ancien agent parachutiste; in: 20 ans Cercle Para Luxembourg (CPL) , 1985; Broschür fir den 20. Anniversaire vum lëtzebuergesche Fallschierm-Club, S. 16-20.
  • Koch-Kent, Henri: Putsch à Luxembourg?; Imprimerie Hermann,Luxembourg, 1980; 80 S.
  • Lorent, Joseph (j-lo): Émile Krieps †. In: Luxemburger Wort. - Jg. 151(1998), Nr. 225(1. Oktober), S. 3.
  • Nilles, Léon N.: Zu Werners "Itinéraires": Die Besetzung der Botschaft der UdSSR ; Interview vum Émile Krieps in: Lëtzebuerger Journal, Ausgab vum 5. Mäerz 1992 (zwou ganz Säiten iwwer de 6. November 1956 an der Stad an zu Beggen).
  • Raths, Aloyse (A.R.): Émile Krieps †. In: Rappel : organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Luxembourg. - Année 53(1998), n° 4, S. 603-607.
  • Roemen, Rob (r.): Kriepse Mill as dout. In: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 51(1998), Nr. 186(1. Oktober), S. 3.
  • Roemen, Rob: In geheimer Mission bis zuletzt ... : wie Emile Krieps den Tag der Befreiung erlebte. - In: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 47(1994), Nr. 171(10/11. September), S. 3-4.
  • Stoffels, Jules (réd.): Petite histoire de l'activité des résistants luxembourgeois engagés dans les réseaux et les maquis de la France combattante. Association des anciens combattants volontaires luxembourgeois de la Résistance française, 2006, Luxembourg, Impr. Centrale, 141 S.
  • Zenner, Roby: Gedenken an einen großen liberalen Politiker: Am Montag wäre Emile Krieps 90 geworden ; in: Lëtzebuerger Journal , Nr. 1, 2./3. Januar 2010, S. 2. archivéiert.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. «Affaire Montée», Témoignage d'Emile Krieps Extrait aus Putsch à Luxembourg? vum Henri Koch-Kent, publizéiert am forum für Politik, Gesellschaft und Kultur, Nr. 251, November 20005