Emile Majerus

Vu Wikipedia
Emile Majerus
Gebuertsnumm Johann Emil Majerus
Gebuer 11. Mee 1894
Dummeldeng
Gestuerwen 9. Februar 1960
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Schoulmeeschter, Eisebunner


Den Emile Majerus, gebuer den 11. Mee 1894 zu Dummeldeng an der deemoleger Gemeng Eech, a gestuerwen den 9. Februar 1960 zu Dikrech, war e lëtzebuergesche Moler.

Besonnesch Landschaften an Dierfer ware seng Sujeten, zu deenen d'Éislek, a Landschaften aus Frankräich, Spuenien an aus Tunesien gehéiert hunn, grad sou wéi Portraite vu Familljememberen.

Hie war den eenzege Jong vu 4 Kanner, an huet laang Zäit mat sengen Elteren am Éislek gewunnt. Zesumme mat senger Fra Léonie Steffen a sengem Jong Joseph Ernest huet hie säi Liewen laang zu Dummeldeng gewunnt.

Den Emile Majerus huet säi Beruffsliewen als Schoulmeeschter ugefaangen, an huet duerno als zu Péiteng beim Prënz geschafft an nom Krich als Bureauchef an der Directioun vum CFL an der Stad. A senger Fräizäit huet hien alles op senge Biller festgehale wat hien impressionéiert huet.

Am Zweete Weltkrich war hie festgeholl ginn a stoung zu Tréier op der Executiounslëscht, wouzou et awer, duerch d'Enn vum Krich, net méi koum.

Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1938 zu Nîmes (exposition internationale organisée par le Président Général de la F.I.S.A.I.C.)
  • 1946 an 1958: zu Bréissel, a Polen, zu Wien, souwéi hei am Land

No sengem Doud:

  • 1963 am Musée de la Ville de Diekirch
  • 1983 an der Galerie d'Art du Château de Bourscheid duerno zu München im Kunstkabinett Dagmar Fleischmann

Fir seng Aquarellen an Uelegbiller krut hien zu Lëtzebuerg an am Ausland Auszeechnungen. [Source?]

Hie war awer net nëmme Moler, mä och säi Gesank ass gär gehéiert ginn. z. B. huet hie Lidder vum Dicks gesongen, wéi den Hexemeeschter, wat hien och op engem Bild festgehalen huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]