Emilia Plater

Vu Wikipedia
Emilia Plater
Gebuer 13. November 1806
Vilnius
Gestuerwen 23. Dezember 1831
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Polen
Aktivitéit Militär

D'Gräfin Emilia Plater (Litauesch: Emilija Pliaterytė), gebuer den 13. November 1806 zu Vilnius a gestuerwen den 23. Dezember 1831 zu Justinavas, war eng Fra aus dem polnesch-litaueschen Adel, déi wärend dem Novemberopstand vun 1830-1831, fir d'Fräihet vun hirer Heemecht géint Russland gekämpft huet. Si gëllt a Polen wéi och a Litauen als Nationalheldin.

D'Emilia Plater ass zu Daugavpils am haitege Lettland groussginn. Si war héich gebilt a faszinéiert vum Goethe a vum Schiller hire Wierker. D'Geschichte vun der litauescher Heldin Grażina, déi géint den däitsche Ritteruerde gekämpft hat, vun der Jeanne d'Arc, déi den Ustouss ginn hat, fir d'Englänner aus Frankräich ze verdreiwen, a vun der griichescher Heldin Bouboulina, déi d'Tierke bekämpft huet, huet si gutt kannt, an dës Heldinne waren dann och hir Virbiller. D'Emilia Plater huet sech ganz fréi schonn um Opstand bedeelegt, andeems si eng Trupp vun e puer honnert fräiwëllege Partisanen ekipéiert an ugeféiert huet. Si huet haaptsächlech am Norde vum haitege Litaue gewierkt, a gouf séier zum Kapitän ernannt, wat den héchste militäresche Grad war, deen eng Fra deemools jee erreecht huet. Si läit zu Kapčiamiestis (Kopciowo) a Litaue begruewen.

Den Adam Mickiewicz huet déi litauesch-polnesch Jeanne d'Arc, wéi si och nach genannt gëtt, a sengem Gedicht Śmierć pułkownika (Doud vun engem Colonel) veréiwegt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emilia Plater – Biller, Videoen oder Audiodateien