Emilio Garcia

Vu Wikipedia
Emilio Garcia
Gebuer 3. November 1956
Aktivitéit Boxer

Den Emilio Garcia, gebuer den 3. November 1956 zu Macotera an der spuenescher Provënz Salamanca ass e fréieren internationale Boxer am Hallefschwéiergewiicht.

Hien huet a senger internationaler Karriär 11 Matcher gemaach, an der dovun dräi gewonnen, 6 verluer an zwéi goungen onentscheet aus.

Hien hat zu Esch-Uelzecht 1983 géint de Fred Serres geboxt, an no Punkte verluer. Fir déi zwéi Boxer war et de leschte Match an hirer internationaler Carrière.

Trotz sengem net brillante Parcours hat hien et fäerdegbruecht, 1981, géint den Avenamar Peralta, de spuenesche Landesmeeschtertitel an d'Täsch ze stiechen.

Profis-Matcher[änneren | Quelltext änneren]

Datum Géigner Plaz Resultat
10. November 1983 LUXLUX Fred Serres Esch-Uelzecht Verluer no Punkten
03. September 1982 ESPESP Avenamar Peralta Madrid Onentscheet
09. Oktober 1981 UGAUGA Mustafa Wassaja Kopenhagen Verluer KO
29. August 1981 ESPESP Avenamar Peralta Melilla Gewonnen TKO
06. Juni 1981 ESPESP Francisco Ramon Rodriguez Martin Santa Cruz de Tenerife Verluer no Punkten
08. November 1980 ESPESP Salvador Perez Ramos Santa Cruz de Tenerife Verluer no Punkten
03. Mäerz 1979 ESPESP Jose Angel Menendez Gijón Verluer no Punkten
24. Juni 1978 SWESWE Rocky Wilson Perez León Verluer no Punkten
16. September 1977 ESPESP José Maria Rico Fuenlabrada Gewonnen no Punkten
12. August 1977 ESPESP Jose Luis Alvarez Macotera Gewonne KO
02. Abrëll 1976 ESPESP Juan De Dios Morales Catarroja Onentscheet

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]