Emma Pooley

Vu Wikipedia
Emma Pooley
D'Emma Pooley 2009, just nodeem se d'Coupe du Monde Cycliste Féminine de Montréal gewonnen hat.
Gebuer 3. Oktober 1982
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Schwäiz
Educatioun ETH Zürich
Aktivitéit Vëlossportler, Marathonleefer, Triathlet

D'Emma Pooley gebuer den 3. Oktober 1982 zu London, ass eng professionell englesch Vëlossportlerin, Laangstreckeleeferin, Duathletin an Triathletin.

Si huet 2008 an 2016 bei den olympesche Spiller matgemaach a war 2017 Duathlon-Europameeschterin. 2014, 2015, 2016 an 2017 Duathlon-Laangdistanz-Weltmeeschterin.

Zu hire Victoiren als Vëlossportlerin zielen ënner anerem d'Grande Boucle Féminine (2009), d'Flèche wallonne fir Dammen (2010), de Grand Prix Elsy-Jacobs (2010), d'UCI-Stroosseweltmeeschterschaft am Zäitfueren (2010), den Tour de l'Ardèche (2011 an 2012)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emma Pooley – Biller, Videoen oder Audiodateien