Emma vu Waldeck-Pyrmont

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Emma vu Waldeck-Pyrmont als Koningin-Moeder.

D'Adelheid Emma Wilhelmina Theresia Prinzessin zu Waldeck a Pyrmont, gebuer den 2. August 1858 um Schlass vu Bad Arolsen a gestuerwen den 20. Mäerz 1934 zu Den Haag) war als zweet Fra vum Wëllem III. vun Holland Kinnigin vun Holland a Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

D'Emma war d'Duechter vum Fürst Georg Viktor vu Waldeck und Pyrmont a senger éischter Fra, der Prinzessin Helene vu Nassau.

De 7. Januar 1879 huet si zu Arolsen mat 20 Joer den 41 Joer méi ale Wëllem III. bestuet; den 31. August 1880 koum hir Duechter Wilhelmina op d'Welt. Nom Wëllem sengen Doud, den 23. November 1890 gouf si Regentin fir hir Duechter Wilhelmina, bis déi 1898 mat uechtzéng Joer der Verfassung no an Holland konnt Kinnigin ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emma of Waldeck and Pyrmont – Biller, Videoen oder Audiodateien