Emmanuel Bulz
Den Emmanuel Bulz, gebuer de 6. Mäerz 1917 zu Wien, gestuerwen de 4. November 1998 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e Rabbiner a Linguist.
Den Emmanuel Bulz ass zu Wien gebuer an huer seng Kandheet a Jugend zu Belgrad verbruecht.[2] Nom Lycée ass hien 1937 op Paräis an d' Ecole rabbinique de France studéiere gaangen, an huet gläichzäiteg Coursen op der Sproochefakultéiert vun der Sorbonne fir al semitesch Sproochen, an op der 'Ecole des Langues Orientales fir literarescht Arabesch beluecht. 1942 krut hien säin Diplom als Rabbiner. Nom Krich huet hien nach Däitsch studéiert zu Lyon eng Licence (1948) an zu Neuchâtel en Doktorat (1954) gemaach.
1942 ass hien, am besate Frankräich, der Resistenzorganisatioun Combat bäigetrueden, déi de Forces Françaises de l’Intérieur (FFI) affiliéiert war. 1944 ass hie bei Chambon an de Maquis gaangen, wou e bei de Kämpf ëm d'Befreiung vu Lyon derbäi war.
1944 gouf den Emmanuel Bulz Hëllefs-Rabbiner zu Lyon an 1949 Rabbiner zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz.
1958 gouf hie Groussrabbiner vu Lëtzebuerg. Hie blouf dat 32 Joer laang, bis den 1. Juli 1990.
Zesumme mam Edmond Israel war hien ee vun de Grënner vun der Association Interconfessionnelle. Hie gouf och bekannt fir seng sëlleche Konferenzen, Publikatiounen Rieden a Radiosemissiounen zu ë. a. philosopheschen, reliéisen a gesellschaftleche Sujeten.
Hie krut eng sëllechen Auszeechnungen, dorënner, fir säin Asaz an der Resistenz, déi vum Chevalier de la Légion d’Honneur.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Alain Meyer: Les grands-rabbins du Luxembourg op GenAmi -L'association de la généalogie juive.
Referenzen [änneren]
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 60
- ↑ Source vum Artikel, wou net anescht uginn: Meyer, Les grand-rabbins du Luxembourg (cf. Um Spaweck).