Emocore (Musek)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Emo ass eng Musekrichtung, déi op Hardcore Punk baséiert. Se huet sech an de fréie 1980er Joeren entwéckelt an entwéckelt sech zënter deem a verschiddene Richtunge weider. Dack gëtt dës Musekrichtung och nach Emocore genannt, wouduerch méi staark d'Gefiller wéi Trauer a Verzweiflung an de Liddtexter betount ginn. Emocore zeechend sech duerch Liddtexter aus, wou et haaptsächlech ëm d'Léiwt a Frëndschaft geet.

Uersprong vun der Entwécklung vum Emocore waren deemols Punkbands wéi Rites of Spring, Embrace an Fugazi. De verkierzte Numm Emo soll op eng méi staark Emotionalitéit an der Musek hiweisen. Dacks gëtt allerdéngs d'Musekrichtung fälschlecherweis mat der Moudesubkultur Emo verwiesselt.En emo ass en Verritzer hen huet en Ritzpack!


Inhaltsverzeechnes

[änneren] Klang

Emocore ass eng Form vum Hardcore Punk. Ugangs huet se aus enger Mëschung aus haarden, verzerrte Gitarren a "punkege" Drums bestaanen. Wëll a séiergespillte Parts wiesselte sech mat méi luesen a rouegen of. D'Musek gouf mat enger Mëschung aus Gesank a Gejäitz begleet. Während de fréieren Emocore musekalesch wéi och ideologesch staark an der Hardcorebeweegung verwuerzelt war, weist de modernen Emocore eng Abberzuel vu friemen Aflëss op, ë.a.: Metal, Singer-Songwriter, Pop an Rock- souwéi Indierock-Elementer. De modernen Emocore ass klanglech sou divergent, datt eng exact Kategoriséierung net méiglech ass.

[änneren] Emocore an Emo

Opgepasst: De Begrëff Emo bezeechent hei d'Musekalesch Aspekter. Kuckt dofir och den Haaptartikel Emo (Moudesubkultur)!

Eng Ënnerscheedung tëscht Emocore an Emo ass schwéier méiglech. Sécher ass awer, datt Emo aus dem Emocore entstanen ass. Huet ee fréier nëmme vun Emocore geschwat (gemengt war dann net méi wéi emotionalen Hardcore), sou ass de Begrëff haut "aus der Moud" komm a gouf bal iwwerall duerch de Begrëff Emo (och am Bezuch op déi fréi 1980er) ersat. Emo beschreiwt déi staark mat der Musek verbonnen Iddien an Astellungen. De Museksstil "Emo" gëtt haut och als eng méi opgeweeschte Form vum Emocore gesinn, meeschtens vermëscht mat Indie/Pop-Aflëss, woubäi d'"core"-Elementer dack ganz verschwannen.

[änneren] Liddtexter

Och wann dack behaapt gëtt, datt d'Texter meeschtens vu verblitte Léiften, Verrot duerch Frënn oder Frëndschaft am allgemengen, Trauer an Doud handele giff an dofir melancholesch, desillusionéiert wierken, sou ginn et awer och Ausnahmen. Och Politik oder aktuell Theme kënnen am Mëttelpunkt vun de Songs stoen. Am Groussen a Ganzen spillt virun allem d'textlech Emotionalitéit eng zentral Roll.

[änneren] Bandnimm

Dack bestinn d'Bandnimm aus enger gudder Rëtsch Wierder, wéi wann en Deel aus engem Saz gerappt wier. Beispiller heifir wieren (Monday in London, Funeral For A Friend, Story of the Year, Hot Water Music oder From Autumn To Ashes). Vill "typesch" Emocore-Bandnimm bestinn awer och aus Fraenimm (Hey Mercedes), Dagesnimm (Thursday, Tuesday, Taking back Sunday) oder Nimm vun Uertschaften (Texas is the reason). Et kann och mol virkommen, datt déi eenzel Wierder, aus deene de Bandnumm zesummegesat ass, an engem Zock geschriwwe ginn (boysetsfire).

[änneren] Screamo

Screamo gëllt als den eenzegen Emo-Subgenre. Fräi iwwersat bedeit et "Jäitz-Emo" an ass méi eng extrem Form vum Emocore.

Entstaane sinn di meescht Screamo-Gruppen em d'Enn vun den 1980er resp. ugangs den 1990er Joeren. Et ass unzehuelen, datt et eng Art Reaktioun op de neien, indierockgeprägten Emo duerstelle sollt.

Als uersprongsuert gi virun allem d'Westküst em Kalifornien a New York gezielt, wat virdrun Héichbuerge vum Hardcore waren. Wichtest Vertrieder sinn hei Orchid, Envy, Yage a Funeral Diner ze nennen.

Museklaesch gesinn benotzt de Leadsänger eng Mëschung aus Jäitzen vun emotionale Texter, déi tëschenduerch awer op eng clean Manéier gesonge, resp. geschwaart ginn. Am Géigesaz zum normalen Emocore, wou een éischter zum cleanen ewéi zum gejautem Gesank tendéiert, gëtt beim Screamo also heidrop Wäert geluecht. D'Lidder wierke chaotesch, woubäi eng kloer Songstruktur ma Refrain, Strophen etc. dack net ze erkennen ass. Dobäi léisst sech eng gewëssen Ähnlechkeet zum Grindcore erkennen.

[änneren] Bands

[änneren] 1980er Joeren

[änneren] 1990er Joeren

[änneren] Ufank vum 21. Joerhonnert

[änneren] Lëtzebuerger Bands

Hei eng Lëscht vu lëtzebuerger Bands, déi ganz oder deelweis dem Emocore zougeschriwwe ginn:

Perséinlech Tools