Endeavour (Marskrater)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Marskrater Endeavour. Fir aner Saachen, déi sou heeschen, kuckt w.e.g. Endeavour.
Endeavour (Marskrater)
De Krater Endeavour.
Eegeschaften
Regioun Meridiani Planum
Koordinaten 2,28° S, 5,23° W
Duerchmiesser 22 km
Déift 300 Meter
Entdecker Opportunity
Genannt no der Stad Endeavour a Kanada

De Krater Endeavour ass en Aschlagkrater um Meridiani Planum vum Planéit Mars. Hien huet en Duerchmiesser vu ronn 22 km an eng Déift vun 300 m. Zënter Enn 2008 war hien d'Zil vum Rover Opportunity, deen de Krater am August 2011 erreecht hat.

Genannt gouf hie vum Opportunity-Team ufanks nom Schëff Endeavour, sou wéi déi meescht Kratere während der Missioun no Schëffer vu bekannten Entdeckungsreese genannt goufen. Nimm vu Strukturen iwwer 10 km Duerchmiesser ginn awer vun der I.A.U. verginn. Grouss Kratere mussen no de Bestëmmungen no bekannte Perséinlechkeeten oder Stied genannt ginn. Dofir huet de Krater offiziell den Numm vun der Stad Endeavour a Kanada.

Nodeem de Rover Opportunity am August 2008 d'Ënnersich vum Victoria-Krater ofgeschloss hat, gouf den Endeavour-Krater als neit Zil ausgesicht. Observatiounen aus dem Marsorbit haten erginn, datt do Schichtsilikater op der Uewerfläch ze fanne sinn. Déi Silikater sinn e séchert Zeeche vu Waasserafloss. Déi direkt Distanz fir bei de Victoria-Krater ass 12 km. Well awer versicht gouf problemateschen Terrain, wéi grouss Sanddünen z'ëmgoen, gouf de Wee 7 km méi laang.

De 7. Mäerz 2009 (Sol 1820) konnt den Opportunity fir d'éischt de Kraterrand vum Endeavour erkennen; de 9. August 2011 gouf de Rand, wéi geplangt an der Géigend vum Cape York, erreecht. Ëm Hiwwel läit hydratiséiert Grondgestengs. Vun do aus war geplangt, laanscht de Randhiwwel Solander Point bis zum Cape Tribulation ze fueren. Do goufen d'Schichtsilikater (Clay minerals) entdeckt, déi da méi no ënnersicht sollte ginn.

Héichopléisend Foto vum Endeavour-Kraterrand. Dës Usiicht vun der Pancam-Kamera weist och eng déck Oflagerungsschicht vu Material, dat während dem Aschlag am Krater deen eppes méi wäit südlech läit, entstanen ass.

Dat wëssenschaftleche Team huet déi siichtbar Kennzeeche no Plaze genannt, déi vum James Cook mat sengem Schëff H.M.S. Endeavour während senger éischter Südséirees 1768–1771 besicht goufn.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Mat Hëllef vun der Raumsond MRO konnt aus dem Orbit d'Geologie vum Kraterrand analyséiert ginn. Am Ausschnëtt donieft ass e klengen Deel vum westleche Kraterrand duergestallt. Hei féiert an Nord-Südrichtung en ënnerbrachene Kraterwall. Dëse besteet aus Basalt (a Blo duergestallt) an Tounminerale (gréng). Bei dësem Gestengs geet een dovun aus, datt si nach méi al wéi d'Sulfat-Oflagerunge sinn, déi den Opportunity bis elo op der Meridiani-Fläch ënnersicht hat.

Schichtsilikater ginn a wässereger an net-saierhalteger Ëmgéigend gebilt. Sou Mineraler goufe bis elo nach net vun enger Landermissioun ënnersicht. D'Schichtsilikater am Endeavour si mat geschichte Steng um Kraterrand assoziéiert. Déi Fielse kéinte sech a regionalen oder globale Prozesser ënner Waasserafloss gebilt hunn, an dat zu enger Zäit, déi virun der Bildung vu Sulfater a saierhalteger Ëmgéigend ugefaangen hat.

Den Endeavour Krater gouf gréisstendeels duerch sulfaträich Sedimenter bedeckt, déi sech am Spéiden a Fréiem Noachianesche Zäitalter geformt haten, dofir muss hie virun de Sedimenter entstane sinn. Etlech Deeler vu sengem erodéierte Rand klëmmt iwwer dës Sedimenter a leet doduerch méi eeler Schichte fräi.

D'Ënnersich mat der Raumsond kéinten dozou bäidroen, d'Bedéngunge ze verstoen, ënner deene sech d'Schichtsilikate geformt hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Endeavour (Marskrater) – Biller, Videoen oder Audiodateien