Engel

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Geescht an Himmelsbuet Engel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Engel (Homonymie).
Zwou Putte vum Raffael (1512)
Dräi Äerzengel

En Engel (lat. angelus, vun algr. ἄγγελος ángelos - "Buet", "Ofgesandten", eng Iwwersetzung vum hebr. מלאך mal'ach - "Buete") sinn an de monotheisteschen abrahamitesche Relioune Geeschtwiesen, déi dacks vu Gott op d'Äerd geschéckt ginn, als Iwwerbrénger vun engem gëttleche Message, als Emissär a gëttlchem Optrag, oder als Schutzengel. Si sinn duerch Gott geschaf an dësem ënnergeuerdnet. Gemenkerhand gi se als anthropomorph Wiese mat Flilleken hanner dem Réck duergestallt, dacks geschlechtslos, mä heiansdo och als jonk Männer.

Engelen déi an der Bibel mam Numm genannt gi sinn de Méchel (Bezwénger vum Satan, dee selwer e gefalenen Engel ass), de Gabriel (dee Maria d'Norricht bruecht hutt datt si d'Mamm vu Jesus wäert ginn), an de Raphael (am Buch Tobit). Déi héchst Engele sinn d'Äerzengelen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Engelen – Biller, Videoen oder Audiodateien