Engel Albert

Vu Wikipedia

D'Sekt vum Engel Albert ass eng Sekt, déi virun allem an den 1980er an 1990er Joren zu Lëtzebuerg vu sech schwätze gedoen huet. D'Adepte vun der Sekt hu sech selwer als Membere vun der "Gemeinschaft Glaube und Hoffnung" bezeechent.[1][2]

Engem Rapport vun enger Enquêtë-Kommissioun vum Belsche Federale Parlament aus dem Joer 1997 no handelt et sech dobäi ëm eng hierarchesch strukturéiert Sekt mat Stammsëtz am US-Bundesstaat New Jersey, a Filialen an der Schwäiz an den USA. Dës Sekt geet op de Johannes Greber (1874-1944) zeréck, en däitschen defrokéierte kathoulesche Geeschtlechen, deen 1925 an d'USA ausgewandert an den Auteur vum Buch "Der Verkehr mit der Geisterwelt Gottes" (1932) ass. De Greber huet vu sech behaapt, zanter dem Joer 1923 mat der sougenannter Geeschterwelt a Kontakt ze stoen.[2]

Melickshaff[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg waren, zur Zäit vum Rapport vun där Enquêtë-Kommissioun, un der Spëtzt vun der Sekt d'Yvonne Theisen (alias Engel Werner)[2] an der Roll vun engem "Medium, dat schwätzt", an d'Ketty Donnersbach (alias Engel Albert)[2] an der Roll vun engem "Medium, dat net schwätzt", an dat sech als "Führer" bezeechne géif. D'Reunioune vun der Sekt waren um Melickshaff bei Iechternach.

No Zeie wieren ë. a. d'Politikerin Hilda Rau-Scholtus, d'Doktesch Carmela Ragaglia, den Dr. Jean Colombera an d'Fra vum éischte Schäffe vun Aubange Membere vun der Sekt gewiescht.

D'Glawenskonzept vun der Engel-Albert-Sekt géif op der Philosophie vum Karma baséieren. Wann ee leide géif, wier dat eng gëttlech Strof fir Onrecht, dat een an engem virege Liewe begaangen hätt. Eng Krankheet huet dofir nëmme mat Mëttelen däerfe behandelt ginn, déi vu Gott - duerch säi Medium - approuvéiert wieren. Zu dëse Behandlungen hunn ë. a. Sauermousjus, Steng, déi een an all Hand hale misst, Pyramiden, déi een doruechter opstelle misst, a Waasser vum Melickshaff, dat awer keng Drénkwaasserkrittären erfëllt huet, gezielt.

Et koum zu Plaintë wéinst Non-assistance à personne en danger, ë. a. well och Kanner, déi eigentlech eng (schoul)medizinnesch Behandlung gebraucht hätten, sou Traitementer hu misse maachen.

1985 gouf d'Ketty Donnersbach wéinst illegaler Ausübung vum Medezinnerberuf an zweeter Instanz zu enger Geldstrof vu 50.000 Frang verurteelt. Fënnef Joer méi spéit gouf et een neie Prozess, bei deem et awer net zu engem Scholdsproch komm ass.[3]

Den Zeienaussoen no géifen d'Adepte vun der Sekt un Ausserierdescher gleewen, déi op engem anere Planéit liewe géifen, an hallef materiell, hallef spirituell Wiese wieren (wann déi Wiese géife komme fir hir Unhänger z'erléisen, däerft ee se net beréiren, soss géife se platzen, dixit Ketty Donnersbach). Si géife vun engem noe Weltënnergank ausgoen, an hätten dofir en Iwwerliewenspak bei sech, grad sou wéi se e Seel an der Mall vun hirem Auto hätten, fir wann d'Äerd géif opbaschten, asw.

Hiert Alldaagsliewe wier streng duerch d'Sekt bestëmmt, si hunn nëmme bestëmmt Weeër däerfe fueren, sech nëmmen zu bestëmmten Zäiten deplacéieren, misste verschidde Butteker meiden, asw. Si missten ausserdeem reegelméisseg bieden, Kassette mat Messagen drop lauschteren an doriwwer Rapport maachen, asw.

D'Ketty Donnersbach ass de 17. Dezember 2015 am Alter vu 87 Joer gestuerwen.[3]

Geeschterheelung a Gesankveräin[änneren | Quelltext änneren]

Eng Sammlung vun Témoignagë vu vermeintlechen Heelungen huet de Jos Kolten, deemools och e Member vun der Sekt, an de Joren 1985 an 1986 an zwou Broschüren zesummegestallt. Wéi et dozou koum beschreift hie sou: "Eines Nachts meldete sich eine innere Stimme bei mir und spornte mich dazu an, eine Serie über die Geistheilungen auf Melick zusammenzustellen." Den Inhalt vu senger Sammlung huet hien der Geeschterwelt vu Gott zur Kontroll ënnerbreet: "Schliesslich unterwarf ich alles, was in diesem Büchlein enthalten ist, dem Urteil und Gutachten der Geisterwelt Gottes, der es einzig und allein zusteht, Wahrheit und Unwahrheit zu unterscheiden."[4]

Am Oktober 1988 ass um Melickshaff de Gesankveräin "Die Wegbereiter" gegrënnt ginn, dee sech als Chouer vun der Gemeinschaft "Glaube und Hoffnung" verstanen huet. An de Statute vum Veräi spillt d'Geeschterwelt vu Gott eng wichteg Roll, z. B. bei der Ernennung vun de Kommiteesmemberen, beim Iwwerpréiwe vun de Kommiteesdecisiounen, dem Aberuffe vun enger ausseruerdentlecher Generalversammlung asw. Dës Statute sinn de 27. Januar 1989 dem Iechternacher Gemengerot vum Schäfferot virgeluegt ginn, fir dovu Kenntnis ze huelen. Nëmmen ee Conseiller, de Jos Massard, huet sech deemools dogéint gewiert![5]

Literatur a Quell[änneren | Quelltext änneren]

Weider Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fisch, Jean-Albert (1990): Engel Albert: der Staat im Staate. 2 Bänn (301, 351 S.).
  • Kolten, Jos (1985): Die Wahrheit über die Heilpraktiken auf Mélickshaff/Echternach, Bd. 1. [Echternach], S. 1-29.
  • Kolten, Jos (1986): Die Wahrheit über die Heilpraktiken auf Mélickshaff/Echternach, Bd. 2. Verlag Glaube und Hoffnung, Echternach, S. 30-59.
  • Lallemand, Alain (1994): Les sectes en Belgique et au Luxembourg. Bruxelles, Éditions EPO, 238 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1987 hunn d'Adepte vun der Sekt zu Iechternach d's.à r.l. GLAUBE UND HOFFNUNG gegrënnt, déi 1996 a GLORIA VERLAG ëmbenannt gouf. An engems gouf de Sëtz vum Melickshaff bei d'Hilda Rau-Scholtus op d'Areler Strooss an d'Stad verluecht legilux.lu.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Lallemand 1994, Kapitel: Glaube und Hoffnung, la secte de l'ange Albert, S. 169-175.
  3. 3,0 3,1 tageblatt.lu: “Engel Albert” ist tot (8. Januar 2016)
  4. Kolten 1985, S. 1.
  5. Sëtzung vum Iechternacher Gemengerot vum 27. Januar 1989, Punkt 1: Einlauf und Mitteilungen.