Engelshaff

Vu Wikipedia
Engelshaff
Den Engelshaff
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Engelshof
de: Engelshof
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Buergermeeschter Frédéric Ternes (CSV)
Koordinaten 49° 40’ 28,07’’ N
      06° 15’ 27,84’’ O

Den Engelshaff ass e Baurenhaff südëstlech vun Iernster, an der Gemeng Nidderaanwen.

Lénks virum Agank vum Haff steet, nieft enger Kapell, eng ronn 200 Joer al Eech, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eech um Engelshaff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • An engem offiziellen Dokument vu 1403 gëtt en Duerf mam Numm zu Engerspach ernimmt, woumat méiglecherweis eng Uertschaft ëm den haitegen Engelshaff gemengt war.
  • Den Engelshaff selwer gëtt fir d'éischt an engem Dokument vu 1526 ernimmt, woura steet, datt den Haff an der Zäit virdrun emol zu engem Duerf gehéiert huet, deem seng Awunner warscheinlech durch Kricher a Peschtepidemien ausgestuerwe waren. Vum Duerf wier just den Haff iwwereg bliwwen.
  • Op der Ferrariskaart vu 1777 ass den Engelshaff als Cense de Engels Haff agedroen.

Urspronk vum Numm Engelshaff[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vum Numm kann een zeréckféieren op:

de Familljennumm vun engem fréiere Proprietär;
eng Auberge mam Numm zum Engel;
dat laténgescht Wuert angulus (Eck);
dat aldäitscht Wuert Anger, woumat eng Wiss fir Beweedung gemengt ass, déi vun allen Awunner aus dem Duerf ka benotzt ginn.

Déi lescht Erklärung gëtt haut als déi warscheinlechst ugesinn. (Cf. Quell 2).

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Den Engelshaff op der Ferrariskaart vu 1777.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Engelshaff – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kapell an d'Eech beim Engelshaff