Enigma

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat Verschlësselungsmaschinn Enigma. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Enigma (Homonymie).
D'Enigma

D'Enigma war eng Verschlësselungsmaschinn déi an Däitschland entwéckelt gi war an déi haaptsächlech vun der Wehrmacht a vun der däitscher Krichsmarine gebraucht gouf.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Maschinn, déi eng ronn zwielef Kilo gewien huet, war an enger hëlze Këscht vu 34 × 28 × 15 cm agebaut. Se huet aus engem Schreifmaschinnsclavier bestanen, engem Konnexiounstableau, 3 Rotore mat 26 Positiounen, engem Reflekterrotor och mat 26 Positiounen an engem Tableau mat 26 elektresche Biren déi all Kéier ee Buschtaf affichéiert hunn. D'Enigma, déi laang als onentschlësselbar gegollt huet, gouf ongeféier 100.000-mol gebaut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Enigma gouf vum däitschen Elektroingenieur Arthur Scherbius, op Basis vun enger Chiffréiermaschinn déi e mat de Rechter dem Hollänner Hugo Koch ofkaaft hat, entwéckelt. 1918 hat hie sech den Apparat patentéiere gelooss. Vun 1923 un huet hien déi sougenannt Funkschlüssel kommerzialiséiert.[1] Déi däitsch Marinn huet deen Apparat kaaft an den 9. Februar 1926 fir d'éischt a Betrib geholl. No e puer Verbesserungen huet d'Wehrmacht se zwee Joer méi spéit och agesat. D'Codéierung ass iwwer elektresch Impulser geschitt. D'Versetze vun dräi, méi spéit 4 Rotoren, huet et méiglech gemaach dat et méi wéi 150 Millioune Méiglechkeete gouf fir e Message ze verschlësselen.

Fir datt de System konnt funktionéiere war et néideg datt d'Operateuren zwou identesch Maschinnen haten, an datt all Dag de Code, d. h. de Reglage vun de Rotoren an de Konnexiounsfiche geännert gouf. Déi obligatoresch Prozedur war e schwaache Punkt deen d'Geheimdéngschter vun den Nopeschlänner ausgenotzt hunn. De polnesche Renseignementsservice, dee sech schonn vun 1928 u mat dem Dechiffréiere vun der Enigma beschäftegt hat, war am wäitsen avancéiert. E puer brillant Mathematiker, dorënner de Marian Rejewski, waren dofir engagéiert ginn. Vun 1931 un hat de franséischen Deuxième bureau, deemools ënner der Leedung vum Capitaine G. Bertrand, e Maulef am däitsche Verdeedegungsministère sëtzen, den Hans-Thilo Schmidt genannt Asche, dee fir 10.000 Mark am Mount d'Chiffréiernotizen an d'Codéiertableauen un d'Fransouse verkaf huet.

Déi wichteg Renseignementer goufen un d'Pole weiderginn, déi eng Maschinn gebaut haten déi amstand war d'Fonctionnement vun enger däitscher Enigma ze simuléieren. De 24. Juli 1939 hunn d'Polen hir franséisch a brittesch Kolleegen op Warschau invitéiert an hunn hinnen d'Resultat vun hire Recherchë matgedeelt. Si hunn de Fransousen an de Britten zwou Koppele Maschinne matginn. Ee Mount no der Invasioun vu Polen koume fofzéng polnesch Kryptologen a Frankräich an hunn déi franséisch Ekipp, déi am Schlass vu Vignolles installéiert war, verstäerkt. Si hunn dunn zesumme mat den Englänner, déi am Bletchley Park souzen, probéiert de Code ze knacken. Den 28. Oktober 1939 konnten déi éischt Messagen entziffert ginn.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Larousse de la Seconde Guerre Mondiale S. 88