Enola Gay
D'Enola Gay war eng B-29 Superfortress déi no der Mamm vun hirem Pilot Paul Tibbets gedeeft gi war. Et war deen US-amerikanesche Krichsfliger, deen de 6. August 1945 déi éischt Atombomm iwwert der japanescher Staat Hiroshima erofgehäit huet.
De Fliger gouf am Mee 1945 zu Nebraska an den USA ënnert der Seriennummer 44-86292 gebaut. Et war ee vun de 15 Fligeren, déi speziell op den Transport vun esou enger Atombomm spezialiséiert waren. No der Fäerdegstellung gouf d'Enola Gay der 509th Composite Group vun der USAAF zougewisen. De Fliger gouf op der Insel Tinian stationéiert. De 6. August 1945, moies fréi, ass e vun do aus mam Colonel Paul Tibbets als Pilot a Richtung Japan fortgeflunn. Géint Véirel op aacht ass en iwwert Hiroshima geflunn an huet d'Atombomm Little Boy erofgeworf. No 43 Sekonne Falzäit ass déi nuklear Reaktioun zustane komm an d'Bomm ass ongeféier 500 Meter iwwert dem Buedem explodéiert. Dobäi si ronn 200.000 Leit op der Plaz gestuerwen.
| Commons: Enola Gay – Biller, Videoen oder Audiodateien |