Enrico Fermi

Vu Wikipedia
Enrico Fermi
Gebuer 29. September 1901
Roum
Gestuerwen 28. November 1954
Chicago
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Kinnekräich Italien, Italien, USA
Educatioun Universitéit vu Pisa,
Universitéit vu Leiden,
Universitéit Göttingen
Aktivitéit Physiker, theoreetesche Physiker, Universitéitsprofesser, Erfinder
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale dei Lincei, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, American Philosophical Society, American Association for the Advancement of Science, Accademia Nazionale delle Scienze, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

Den Enrico Fermi, gebuer den 29. September 1901 zu Roum, a gestuerwen den 28. November 1954 zu Chicago, war e bedeitenden italieenesche Kärphysiker.

Wéinst de faschistesche Rassegesetzer huet den Enrico Fermi 1938 seng Professeschplaz fir theoreetesch Physik zu Roum opginn, an ass an d'Vereenegt Staate vun Amerika ausgewandert. Do huet hien zu Chicago an der Kärfuerschung geschafft.

1938 krut hien den Nobelpräis an der Physik fir säi Beweis vun der Existenz vun neie radioaktiven Elementer déi duerch Neutronebestrahlung entstane sinn, a fir seng domat verbonnen Entdeckung vun nukleare Reaktiounen déi duerch lues Neutronen ausgeléist ginn.

Vun 1944 bis 1946 war hien zu Los Alamos ee vun de wichtegsten Entwéckler vun der Atombomm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enrico Fermi – Biller, Videoen oder Audiodateien