Entdeckung

Vu Wikipedia

Eng Entdeckung ass eng nei realiséiert subjektiv Erkenntnes vun engem Eenzelen oder enger Grupp, datt eppes net Bekanntes besteet, wat erlaabt, dës bis dohin net bekannt Realitéit enger breeder Ëffentlechkeet bekannt ze maachen. Eng Erfindung ënnerscheet sech doduerch vun enger Entdeckung, datt si eppes neies schaaft, wat bis dohin nach net bestanen huet.

Entdeckunge kënnen net patentéiert ginn, mä wuel e Procedé, deen zu enger Entdeckung féiert.

Wann et sech ëm nei perséinlech Erkenntnesser handelt, déi net verdéngen, datt se enger breeder Ëffentlechkeet bekannt gemaach ginn, si se net vu bleiwendem Wäert a verdéngen net d'Bezeechnung Entdeckung. Wuel awer dat neit Bewosstsinn, dat sech 1492 no dem Christoph Kolumbus senger Rees an den neie Kontinent iwwerall verbreet huet, datt dësen Territoire besteet, verdéngt, datt vun der Entdeckung vun Amerika geschriwwe gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Urs Bitterli: Die "Wilden" und die "Zivilisierten". Grundzüge einer Geistes- und Kulturgeschichte der europäisch-überseeischen Begegnung. 3. Oplo, C.H. Beck, München 2004, ISBN 3-406-35583-8
  • Dietmar Henze: Enzyklopädie der Entdecker und Erforscher der Erde. 5 Bänn. Akadademische Druck- und Verlags-Anstalt, Graz 1978-2004, ISBN 3-201-00912-1