Enterohämorrhagesch Escherichia coli

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Erste hilfe.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
EHEC Bakterium

Enterohämorrhagesch Escherichia coli (EHEC) si bestëmmte pathogen Stämm vum Daarmbakterium Escherichia coli (E. coli), déi beim Mënsch geféierlech bluddeg Duerchfallerkrankungen ausléise kënnen.

Erreger[änneren | Quelltext änneren]

EHEC Bakterien hunn e puer Particularitéite par Rapport zu aneren E. coli Varianten, déi hier pathogen Potenz erhéijen: Si kënne sech duerch e speziellt Mantelprotein (Adhäsin) un d'Epithelzelle vun der Daarmwand drupechen, si hunn e Gen fir d'Produktioun vun engem Toxin, a schliisslech produzéieren d'EHEC-Stämm och nach en Hämolysin wat d'Bluttzellen zerstéiert.

Ustiechung[änneren | Quelltext änneren]

Den Erreger an déi vun em veruersaachten Infektiounskrankheeten triede weltwäit op. Den Haaptreservoir vum Erreger si virun allem Ranner, mä och Schof a Geessen. E ka mat Kascht opgeholl ginn, absënns mat réiem Fleesch, réier Mëllech a réiem Geméis, oder duerch d'Drénke vun oder Schwammen a fäkalieverseuchtem Waasser. Do donieft ass och eng direkt an indirekt Kontaktustiechung vu Mënsch zu Mënsch méiglech. Schonn eng 100 Bakterie kënnen duergoe fir eng Ustiechung.

Wann sou Infektiounen a klenger Zuel stänneg passéieren an a gréisserer Zuel a Wellen all puer Joer, sou koum et zanter Mëtt Mee 2011 an Däitschland zu dach bemierkenswäert héije Fallzuele vun apaart schwéieren EHEC-Erkrankungen. D'Meldunge koumen ugaangs aus Norddäitschland, spéider sinn och Fäll a Süddäitschland opgetratt[1], a souguer bei zwou Lëtzebuergerinnen déi virdrun an Norddäitschland waren[2][3]. No zwéi Méint, Mëtt Juli 2011, war d'Epidemie eriwwer, mat 3.469 bestätegten EHEC-Fäll, dorënner 852 mam hämolytesch-urämesche Syndrom (HUS), an och 50 Doudesfäll[4]. Eng 80 % vun deenen Infektiounszuele koum direkt am éischte Mount nom Ausbroch zustanen. Am Verglach dozou ginn an der Moyenne op e ganzt Joer normalerweis eng 1000 EHEC-Fäll registréiert, dorënner nëmme 65 mat der EHEC-Erkrankungscharakteristik HUS an 0-3 Doudesfäll[5]. Bosseg ass och datt HUS fir gewéinlech bei Kanner ënner 5 Joer festgestallt gëtt, awer bei dëser Infektiounswell 87 % vun de Betraffenen Erwuessener sinn, dorënner 68 % Fraen[6]. Spuenesch Kornischonge sollten no éischten Analyse vum Hamburger Institut fir Hygien an Ëmwelt eng méiglech Iwwerdroungsquell gewiescht sinn[7], wat sech dunn awer net bestätegt huet[8], a Kénge vun engem Biohaff an Niddersachsen als effektiv Quell ausgemaach goufen[9][10], wat sech zulescht awer trotz allem just als Ursaach vun 10% vun den Infektioune erausgestallt huet an déi reschtlech Fäll ëmmer nach net opgeklärt konnte ginn[11].

Wann eng EHEC Well duerch d'Land geet, da gëtt generell geroden, Kascht net réi z'iesse, mä alles op d'mannst 10 Minutte bei 70 Grad kachen, keng Béischten upaken déi Fäkalien am Pelz kënnen hunn a wéi ëmmer regelméisseg a virun allem virum Iessen d'Hänn wäschen.

Krankheetsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Eng Infektioun ka fräi vu Symptomer verlafen. Wann der awer optrieden, dann ass dat typescherweis no enger Inkubatiounszäit vun engem bis dräi Deeg, vereenzelt awer och no bis zu aacht Deeg. Et kënnt dann zu enger Mo-Daarm-Entzündung, déi zu Mo-Daarm-Bluddunge féiere kann. D'Toxiner zerstéieren d'Wandzelle vum Daarm a vun den Oderen. Et kann a schwéiere Fäll och zu Niereversoe kommen, vun deene 5 % och no iwwerstanener Krankheet nach Schied zréckbehalen.

D'Ausscheedung vun de Bakterien erfollegt typescherweis an engem Zäitraum vu fënnef bis zwanzeg Deeg, si ka sech awer absënns bei Kanner och iwwer e puer Méint zéien. An dëser Zäit ass eng Ustiechung vu weidere Persoune méiglech.

Therapie[änneren | Quelltext änneren]

Eng Bekämfung vum Erreger duerch Antibiotika versprécht net deen néidegen Erfolleg, well séier Resistenzen optrieden, d'Ausscheedung vun de Bakterie verlängert oder de Krankheetsverlaf duerch eng méi héich Toxinbildung verschlëmmert ka ginn. D'Behandlung konzentréiert sech deemno op d'Symptomer. D'Komplikatiounen (HUS an TTP) mussen intensiv behandelt ginn, zum Beispill duerch Blutwäsch a Form vun Hämofiltratioun a Plasmapheres.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]