Entwécklungshëllef

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Entwécklungshëllef, oder Entwécklungszesummenaarbecht versteet een dat gemeinsamt Beméie vun den Industrielänner fir an Entwécklungslännner d'Differenzen an der sozioökonomescher Entwécklung an an den allgemenge Liewensbedingunge weltwäit dauerhaft a wierksam ofzebauen.

Inhaltsverzeechnes

Spender vun Entwécklungshëllef [änneren]

Um weltwäiten Niveau, wéi (Auswiel): [änneren]

Um Niveau vun de kontinenatalen Entwécklungsbanken, wéi: [änneren]

Um spezifeschen Niveau vun der Europäescher Unioun [änneren]

D'Europäesch Zesummenaarbecht um Gebitt vun der Entwécklung huet mat de Yaoundé-Ofkommessen, déi tëscht der deemoleger Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft an hire fréiere Kolonien ofgeschloss gi waren, ugefaang. Si hunn den Opbau vun enger fräier Handelszon virgesinn a goufe spéider duerch d'Lomé-Ofkommes an duerno duerch d'Cotonou-Ofkommes ofgeléist, dat fir méi eng laang Dauer - zwanzeg Joer mat enger Iwwerpréifung vu de Vertragsklauselen all fënnef Joer.
1992 gouf dat Europäescht Amt fir humanitär Hëllef (ECHO) geschaf, fir méi séier an op eng méi flexibel Manéier humanitär Hëllef bei Katastrophen- an Noutfäll ze leeeschten. ECHO schafft mat méi wéi 200 Partner zesummen, déi e Partnerschaftsvertrag mat der EU-Kommissioun ënnerschriwwen hunn.

Zënter 2001 ass d'Europäescht Amt fir Zesummenaarbecht (EuropeAid) déi zentral Plaz fir déi praktesch Realisatioun vun der europäescher Ëntwécklungspolitik. EuropeAid verwalt d'Programmer an d'Projeten an allen Entwécklungslännner. D'Presidentschaft vun EuropeAid huet den EU-Kommissär fir Aussebezéiungen, an d'Duerchféierung de Kommissär fir d'Entwécklung:

2007 hat d'Hëllef, déi vun EuropeAid verdeelt gouf, e Volume vu 6,7 Milliarden Euro. Dat waren 11,3% vun all Entwécklungshëllef op der Welt.

Op europäeschem Plang muss een nach déi Hëllef derbäizielen, déi déi eenzel EU-Memberlänner ginn. Sou kënnt een op 60% vun der weltwäiter Entwécklungshëllef insgesamt. Zum Verglach: Den USA hiren Undeel ass 21%.

Um Niveau vu den eenzelne Länner [änneren]

Um Niveau vu den NROen [änneren]

Déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef [änneren]

Déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef, verglach mam lëtzebuergeschen Brutosozalprodukt, huet 2009 en international staark beuechte Spëtzenniveau vun iwwer engem Prozent erreecht, wéi aus dem folgenden Tableau erviergeet. Domat ass Lëtzebuerg mat Holland an de skandinavesche Länner Dänemark, Norwegen a Schweden een vu just fënnef Länner weltwäit déi méi wéi 0,7% vum hirem BSP fir Entwécklungshëllef ausginn. Just Norwegen gëtt nach méi fir Entwécklungshëllef, a Verglach zu sengem BSP, aus.[1]:

Evolutioun vu der lëtz. Entwécklungshëllef, verglach mam BSP, a % (2000-07)[2]
Joer Entwécklungshëllef an € BSP an € Verhältnes a %
2000 133.433.659 19.170.400.000 0,70
2001 155.128.137 20.050.300.000 0,77
2002 155.735.183 19.897.900.000 0,78
2003 171.677.042 20.028.000.000 0,86
2004 188.981.534 23.987.300.000 0,79
2005 207.387.692 26.006.900.000 0,80
2006 231.510.318 25.799.600.000 0,90
2007 275.135.892 30.158.300.000 0,91
2008 287.679.785 29.753.900.000 0,97
2009 297.817.177 26.793.200.000 1,11
2010 297.817.177 27.730.962.000 1,09

Déi prioritär Länner vun der lëtzebuergescher Entwécklungshëllef [änneren]

Lëtzebuergesch NROen, déi steierfräi Done kënne kréien (Stand September 2010) [3] [änneren]

  • ACTION LUTTE CONTRE LA PAUVRETE a.s.b.l.
  • ACTION POUR UN MONDE UNI a.s.b.l.
  • ACTION SOLIDARITE TIERS MONDE (ASTM)
  • ADOUNA a.s.b.l.
  • AIDE A L'ENFANCE DE L'INDE a.s.b.l.
  • AIDE AU DEVELOPPEMENT DE LA SANTE a.s.b.l.
  • AIDE AU VIETNAM a.s.b.l.
  • AKTIOUN ABC FIR BILDUNG A GESONDHEET AM TIERS MONDE a.s.b.l.
  • AMICALE INTERNATIONALE D'AIDE A L'ENFANCE a.s.b.l.
  • APPUI AU DEVELOPPEMENT AUTONOME a.s.b.l.
  • ARBECHTSGRUPP DRETT WELT BUTTEKER a.s.b.l.
  • ASTI (ASSOCIATION DE SOUTIEN AUX TRAVAILLEURS IMMIGRES)
  • ASSOCIATION EUROPE - TIERS MONDE a.s.b.l.
  • ASSOCIATION POUR LA PROMOTION DES ILES DE PAIX a.s.b.l.
  • ASSOCIATION SOLIDARITE LUXEMBOURG - NICARAGUA a.s.b.l.
  • ATHENEE - ACTION HUMANITAIRE a.s.b.l.
  • BETEBUERG HELLEFT a.s.b.l.
  • CHRESCHTE MAM SAHEL a.s.b.l.
  • CHRISTIAN SOLIDARITY INTERNATIONAL a.s.b.l.
  • COMITE LUXEMBOURGEOIS POUR L'UNICEF a.s.b.l.
  • COMITE POUR UNE PAIX JUSTE AU PROCHE ORIENT a.s.b.l.
  • COOPERATION HUMANITAIRE LUXEMBOURG a.s.b.l.
  • CROIX ROUGE LUXEMBOURGEOISE
  • DEFI a.s.b.l.
  • ECLAIREURS ET ECLAIREUSES POUR LE DEVELOPPEMENT COMMUNAUTAIRE (ENEL) a.s.b.l.
  • ECPAT LUXEMBOURG a.s.b.l.
  • ENFANTS DE L'ESPOIR a.s.b.l.
  • ENFANTS DE TIZI a.s.b.l.
  • ENG BRECK MAT LATÄINAMERIKA a.s.b.l.
  • ENG OPPEN HAND FIR MALAWI a.s.b.l.
  • ENTWECKLONG DURCH GERECHTEN HANDEL a.s.b.1.
  • FONDATION CARITAS-LUXEMBOURG
  • FONDATION LUXEMBOURG-EL SALVADOR a.s.b.l.
  • FONDATION LUXEMBOURGEOISE RAOUL FOLLEREAU
  • FONDATION MENINOS E MENINAS DE RUA a.s.b.l.
  • FONDS SOROPTIMIST LUXEMBOURG
  • FOYER DE LA FEMME a.s.b.l.
  • FRERES DES HOMMES a.s.b.l.
  • FRIENDSHIP INTERNATIONAL a.s.b.l.
  • GUIDEN A SCOUTEN MAT DER DRETTER WELT a.s.b.l.
  • HADASSAH-LUXEMBOURG a.s.b.l.
  • HAND AN HAND, KANNER, ELTEREN, DRETT WELT a.s.b.l.
  • HANDICAP INTERNATIONAL LUXEMBOURG a.s.b.l.
  • HELLEF FIR ROSARIO-WALFERDANGE a.s.b.l.
  • HELLEF FIR TAPIRAI a.s.b.l.
  • H.E.L.P. a.s.b.l.
  • HOGAR DE CRISTO a.s.b.l.
  • INDESCH PATENSCHAFTEN a.s.b.l.
  • IWERLIEWEN FIR BEDREETE VOLLEKER a.s.b.l.
  • KATHOULESCH MÄNNERACTIOUN a.s.b.l.
  • KOMM HELLEF MAT PREIZERDAUL a.s.b.l.
  • LES AMIS AYUDAME, a.s.b.l.
  • LES AMIS DE PIRAJA, a.s.b.l.
  • LES AMIS DU TIBET, LUXEMBOURG a.s.b.l.
  • LES AMITIES LUXEMBOURG-AMERIQUE LATINE a.s.b.l.
  • LETZEBUERGER JONGBAUEREN A JONGWENZER
    - SERVICE COOPERATION a.s.b.l.
  • LIONS CLUB INTERNATIONAL a.s.b.l.
  • LUXEMBOURG-PEROU a.s.b.l.
  • MEDAFRICA a.s.b.l.
  • MEDECINS SANS FRONTIERES a.s.b.l.
  • NINOS DE LA TIERRA a.s.b.l. (fréier CHILES KINDER a.s.b.l.)
  • OBJECTIF TIERS MONDE a.s.b.l.
  • OEUVRE CGFP D'AIDE AU DEVELOPPEMENT a.s.b.l.
  • OEUVRE DE MERE TERESA a.s.b.l.
  • OEUVRE DIOCESAINE BRIDDERLECH DELEN a.s.b.l.
  • OGB-L SOLIDARITE SYNDICALE a.s.b.l.
  • PHARMACIENS SANS FRONTIERES a.s.b.l.
  • PHILIPPINES-LUXEMBOURG SOCIETY a.s.b.l.
  • PRISMA-LUX a.s.b.l.
  • NOUVELLE PRO NINOS POBRES a.s.b.l.
  • REGARDS D'ENFANTS D'ETHIOPIE a.s.b.l.
  • SEMEURS DE JOIE a.s.b.l.
  • SOCIETE KOLPING DU G.D. DE LUXEMBOURG a.s.b.l.
  • SOLIDARESCH AKTIOUN ECHTERNACH a.s.b.l.
  • SOLIDARESCH HELLEF REISERBANN
  • SOLIDARITE LUXEMBOURG-CUBA a.s.b.l.
  • SOS ENFANTS EN DETRESSE MERSCH
  • SOS FAIM a.s.b.l.
  • SOS SAHEL INTERNATIONAL a.s.b.l.
  • SOS VILLAGES D'ENFANTS MONDE a.s.b.l.
  • STROOSSEKANNER SAO PAULO a.s.b.l.
  • TRANSFAIR-MINKA a.s.b.l.
  • UNITY FOUNDATION
  • WEGA AIDE HUMANITAIRE a.s.b.l.
  • VATELOT a.s.b.l.

Referenzen [änneren]

  1. Development aid reaches an historic high in 2010 Rapport (2007) iwwert d'lëtzebuergesch Entwécklungs-Zesummenaarbecht, erausgi vum Ausseministère (PDF)
  2. Rapport annuel vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht, hei erofzelueden
  3. Lëtzebuergesch Steierverwaltung - Auszuch vum 28. September 2010

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]