Enzo Giacchero

Vu Wikipedia
Enzo Giacchero
Gebuer 25. Februar 1912
Turin
Gestuerwen 26. Mäerz 2000
Turin
Nationalitéit Italien
Educatioun Liceo classico Massimo D'Azeglio
Aktivitéit Politiker, Partisan
Partei Democrazia Cristiana
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Den Enzo Giacchero, gebuer de 25. Februar 1912, a gestuerwen de 26. Mäerz 2000, war en italieenesche Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA. Zesumme mat sengen 8 Kolleegen aus den anere Memberlänner huet hien den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg ugefaange mat schaffen.

Als Diploméierte vun der polyrechnescher Schoul vun Turin (1934) war den Enzo Giacchero, no sengem Studium, Assistent beim Gustavo Colonnetti, en Ingenieur, dee Politiker gouf an als iwwerzeegten Europäer an der chrëschtlech-sozialer Beweegung militéiert huet. Nom Zweete Weltkrich ass de Krichsinvalid Enzo Giacchero chrëschtlech-sozialen Deputéierten am italieenesche Parlament ginn, wou en d'europäesch Deputéiertegrupp presidéiert huet (1946-1952). Hie war ee vun den Deputéierten, déi mat der Zoustëmmung vum Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi vun 1947 un bei der Grënnung vun der Union Parlementaire Européenne matgewierkt huet.

Vun 1952-1959 war hien du Member vun der Héijer Autoritéit an huet duerno erëm aktiv an der federalistescher Beweegung matgeschafft. Hien hat och nach verschidden aner politesch an éierenamtlech Chargen.