Eos (Mythologie)

Vu Wikipedia
Eos

D'Eos ass an der griichescher Mythologie d'Gëttin an d'Personifikatioun vum fréie Moien (dt. Morgenröte / fr. aurore), Duechter vu Hyperion an Theia. Hir Gesëschter sinn den Helios an d'Selene.

D'Kanner déi si mat hirem éischte Mann Astraios kritt huet waren d'Wandgëtter Boreas, Euros, Notos an Zephyros, sou wéi den Heosphoros (Muergesstär).

Mam Tithonos zeumme krut si den Emathion an de Memnon; mam Kephalos de Phaëton. Ausserdeem soll si d'Mamm vum Phosphoros a vun de Stäre gewiescht sinn.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Moies ass d'Eos mat hirem Won, dee vun de Päerd Phaëton ("dee Blénkegen") a Lampos ("deen Hellen") gezu gouf, aus dem Mier eropgeklommen an iwwer den Himmel gezunn, dobäi huet hir de Phosphoros de Wee gewisen. Hire Brudder Helios ass hir op sengem Gespan iwwer den Himmel nogefollegt.

Eng Affär mam Krichsgott Ares hat schlëmm Follge fir d'Eos. D'Aphrodite, d'Maitresse vum Ares, huet aus Rach dofir gesuergt datt d'Eos ëmmer erëm de Begier no jonke stierfleche Männer hat an zanterhier huet si all moies wa se iwwer dem Horizont opgezunn ass no Männer fir hir erotesch Aventurë misse sichen. Si huet sech dowéinst selwer geschummt an ass rout am Gesiicht ginn, wat sech op den Himmel ofgefierft huet.

Verhältnesser hat d'Eos och mam Kleitos, Orion, Kephalos, Ganymed an Tithonos.

  • Den Orion ass vu Jalousheet vum Artemis mat engem Feil erschoss ginn. Spéider huet et hir Leed gedoen a si huet den Orion als Stärebild un den Himmel versat, wou en haut nach hanner de Plejaden hier ass.
  • Hir Affär mam Kephalos hat och tragesch Follgen, déi dozou gefouert hunn, datt seng Fra Pokris gestuerwen ass. Duerch hie war d'Eos Mamm vum Phaëton (anere Quelle no war den Helios säi Papp).
  • Nodeem den Zeus sech de Ganymed zum Amant gemaach hat, huet d'Eos den Tithonos als Nofollger geholl. Als Entschiedegung huet den Zeus der Eos e Wonsch bewëllegt, a si huet sech fir den Tithonos éiwegt Liewe gewënscht. Leider hat si awer vergiess him och éiweg Jugend ze wënschen, soudatt den Tithonos ëmmer méi al ginn ass a schliisslech vum Zeus aus Matleed an eng Grill verwandelt gouf, déi d'Eos vun do u begleet huet. Si hunn zwéi Jongen, den Emathion, dee vum Herakles ëmbruecht gëtt an de Memnon, Kinnek vun den Äthiopier, dee vum Achilleus ëmbruecht gëtt. D'Eos betrauert bis haut hire Jong Memnos dee virun Troja gefall ass an hir Tréine falen all Moien als Da vum Himmel.

Analogien[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eos – Biller, Videoen oder Audiodateien