Eosentomon luxembourgense

Vu Wikipedia
Eosentomon luxembourgense
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Entognatha
Uerdnung: Protura
Famill: Eosentomidae
Gattung: Eosentomon
Wëssenschaftlechen Numm
Eosentomon luxembourgense
Szeptycki, 2001

Eosentomon luxembourgense ass eng Proturenaart (Beentaaschter), déi fréier nëmme vu Lëtzebuerg bekannt war, spéiderhi gouf se awer och an Éisträich nogewisen.

D'Aart gouf 2001 vum polneschen Zoolog Andrzej Szeptycki fir d'éischt beschriwwen. Hien huet sech op Material baséiert, dat 1993 vun der polnescher Zoologin Wanda Maria Weiner an der Stad Lëtzebuerg am Gronn no bei der Uelzecht fonnt ginn ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Szeptycki, A., 2001. New Eosentomon species from Luxembourg (Protura: Eosentomidae). Genus 12 (3), S. 237-267. [1]
  • Szeptycki, A., N. Stomp & W.M. Weiner, 2003. The Protura of Luxembourg. Ferrantia (Travaux scientifiques du musée national d'histoire naturelle de Luxembourg) 34, S. 1-44. [2]
  • Shrubovych J., Bernard E. C. A key for the determination of European species of Eosentomon Berlese, 1909 (Protura, Eosentomata, Eosentomidae)// ZooKeys: journal. — 2018. — Vol. 742. — P. 1–12. — ISSN 1313–2989