Equatorialguinea

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Equatorialguinea, op Spuenesch: República de Guinea Ecuatorial, ass e Staat an Zentral-Afrika. D'Haaptstad ass Malabo (läit op der Insel Bioko).

Zum Territoire gehéieren och zwou Inselen am Golf vu Guinea: Bioko an Annobón.

Staats- a Regierungsform[änneren | Quelltext änneren]

Equatorialguinea ass zanter 1982 eng Presidialrepublik. D'Parlament, d'Cámara de Representantes huet 100 Memberen, a gëtt all 5 Joer gewielt. De Staatschef gëtt all 7 Joer direkt gewielt. Fir wielen ze goen, mussen d'Bierger 21 al sinn. D'Land gouf den 12. Oktober 1968 onofhängeg vu Spuenien.

Zanter 1979 ass den Teodoro Obiang President.

Commons: Equatorialguinea – Biller, Videoen oder Audiodateien