Erënnerungsplack LRL

Vu Wikipedia
Erënnerungsplack LRL
Typ Gedenkplack
Land Lëtzebuerg
Gemeng Käerjeng
Plaz Uewerkäerjeng
Koordinaten 49°34'25,14"N, 5°54'31,61"O
Ageweit 1987

D'Erënnerungsplack un d'LRL zu Uewerkäerjeng gedenkt der Grënnung vun der Resistenzorganisatioun Letzeburger Ro'de Lé'w (LRL). Dorop steet:

De 15. Januar 1941
ass an dësem Haus
der 'Bäckerei Meyers'
vum Albert Meyers,
Heini Risch
a vu siwen aner Komeroden
d'Lëtzebuerger
Resistenz-Organisatioun L.R.L.
Letzebuerger Ro'de Leiw
gegrënnt gin.

D'Plack hänkt op der Fassade vum Haus N° 19 an der Rue de Bascharage zu Uewerkäerjeng an ass 1987 ageweit ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]