Eratosthenes (Moundkrater)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Eratosthenes (Moundkrater) | |
|---|---|
| Eegeschafte | |
| Breet | 14.47° N |
| Längt | -11.35° W |
| Duerchmiesser | 58.77 km |
| 1935 genannt nom | Eratosthenes (ëm 275–194 v. Chr.) |
Den Eratosthenes ass e groussen an déiwe Moundkrater eppes méi nordwestlech vun der visueller Äerdmoundmëtt. Hie läit am Iwwergank tëschent dem Basaltbecken vum Mare Imbrium an dem Sinus Aestuum a markéiert d'Westend vun de Apenninebierger. An der Lunarer Zäitskala gouf déi längst a stabilst Epoch – d'eratosthenesch Period – no dësem Krater genannt. Si hat mat sengem Aschlag virun 3,15 Milliarde Joren ugefaangen an hat virun 1,0 Mrd. Joren opgehalen.
Den Eratosthenes huet schaarf definéiert, rankfërmeg Kraterramplien, deenen hir héich Bannesäit terrassenaarteg gegliddert ass. De Kraterbuedem ass net glat an huet dräi Zentralbierger. Bei Vollmound sinn e puer Strale vum noen, méi jonke Rankbierg Kopernikus ze gesinn.
Niewekrateren [änneren]
| Eratosthenes | Breedegrad | Längegrad | Duerchmiesser |
|---|---|---|---|
| A | 18.4° N | 8.3° W | 6 km |
| B | 18.7° N | 8.7° W | 5 km |
| C | 16.9° N | 12.4° W | 5 km |
| D | 17.5° N | 10.9° W | 4 km |
| E | 18.0° N | 10.9° W | 4 km |
| F | 17.7° N | 9.9° W | 4 km |
| H | 13.3° N | 12.2° W | 3 km |
| K | 12.9° N | 9.2° W | 5 km |
| M | 14.0° N | 13.6° W | 4 km |
| Z | 13.8° N | 14.1° W | 1 km |
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
Um Spaweck [änneren]
- Eratosthenes Astrogeology Science Center
- Full Moon Atlas (interaktiv) Sektioun D3, Eratosthenes an Copernicus
- Eratosthenes Digital Lunar Orbiter Photographic Atlas of the Moon
- Eratosthenes@The moon