Erik Bergman

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Erik Bergman
Gebuertsnumm Erik Valdemar Bergman
Gebuer 24. November 1911
Gestuerwen 24. Abrëll 2006
Helsinki
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Chouerdirigent, Musekspedagog

Den Erik Valdemar Bergman, gebuer de 24. November 1911 zu Nykarleby, no bei der aler Stad Vaasa, a gestuerwen de 24. Abrëll 2006, war e finnesche Komponist. No sengem Studium op der Sibelius-Akademie zu Helsinki, huet den Erik Bergman beim Heinz Tiessen zu Berlin a beim Wladimir Vogel zu Ascona studéiert. Zanter 1963 huet hie Kompositiounscourse ginn op der Sibelius-Akademie. Donieft war e bis 1978 Chouerleeder.

De Bergman war e Pionéier vun der Moderner Musek a sengem Heemechtsland. Zu senger Wierker gehéieren:

  • Liederzyklen
  • Kantaten
  • ee Geieconcert
  • eng Suite fir Gittar
  • e Kammerconcert fir Flütt, Klarinett, Bassklarinett, Gei, Braatsch, Cello, Perkussioun a Piano
  • Stécker fir Piano a fir Uergel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]