Erika Fuchs

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Plakett un hirer fréierer Wunneng zu Schwarzenbach, gestëft vun D.O.N.A.L.D. [1]

D'Dr. Erika Fuchs, gebuere Petri, (* 7. Dezember 1906 zu Rostock; † 22. Abrëll 2005 zu München) war eng däitsch Iwwersetzerin.

Bekannt gouf si virun allem duerch hir Iwwersetzunge vun den amerikaneschen Disney-Comics, besonnesch vun de Geschichte vum Carl Barks ronderëm d'Famill Duck. An dësen Iwwersetzunge gouf et - anescht wéi bäi den englesche Virlagen - ongezielte verstoppten Zitater a literaresch Uspillungen. Vun hire Schöpfunge sinn der vill der an den däitsche Sproochgebrauch agaangen, sou z.B. de Sproch "Dem Ingeniör ist nichts zu schwör" an déi op de Wuertstamm verkierzte Verben, mat deenen net nëmmen, wéi virdru schonns bekannt, Geräischer beschriwwe ginn (z.B. "schluck", "stöhn", "knarr"), mä och psychesch Virgäng ouni Geräisch markéiert ginn (z.B. "grübel", "staun").

D'Erika Fuchs huet zënter 1926 zu Lausanne, München a London Konschtgeschicht studéiert. Duerno Examen 1931/32, a Promotioun 1935 mat Summa cum laude. No dem Zweete Weltkrich schafft si als Iwwersetzerin fir verschidden amerikanesch Zäitschrëften. 1951 gouf si Chefredakterin an der neigegrënntener däitscher Micky Maus. 1988 goung si an d'Pensioun.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Literatur

  • Bohn, Klaus: Das Erika Fuchs Buch. Disneys Übersetzerin von Donald Duck und Mickey Maus: Ein modernes Mosaik. Dreidreizehn, Lüneburg 1996, ISBN 3-929746-10-7
  • Horst, Ernst: Nur keine Sentimentalitäten. Wie Dr. Erika Fuchs Entenhausen nach Deutschland verlegte. Blessing, München 2010, ISBN 978-3-89667-406-7

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. D.O.N.A.L.D. Deutsche Organisation nichtkommerzieller Anhänger des lauteren Donaldismus
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen