Erläichendag

Vu Wikipedia

Erläichendag, och nach Härläichem(s)dag oder Zerläichemsdag genannt, ass e chrëschtlecht Fest, dat an der Kathoulescher Kierch de 60. Dag no Ouschtere gefeiert gëtt, also den 2. Donneschden no Päischten.

Pressessioun an Bamberg

Op Däitsch heescht dëst Fest Fronleichnam an op Franséisch Fête-Dieu. Fronleichnam kënnt vum Mëttelhéichdäitsche vrône lîcham "des Herren Leib", eng Iwwersetzung vum kierchelaténgesche Begrëff Corpus Domini, offiziell "Héichfest vum Läif a vum Blutt vu Jesus Christus". D'Wuert Erläichendag bezitt sech op den Dag vum Läif vum Här (Jesus Christus). Seng Presenz an der Eucharistie, an der Hostie, gëtt besonnesch op dësem Dag gefeiert.

Zu Lëtzebuerg ass Erläichendag kee gesetzleche Feierdag, dofir gëtt en den 2. Sonnden no Päischte gefeiert. A ville Pare gëtt an enger Pressessioun dat Allerhellegst, d'Hostie, an enger Monstranz duerch d'Stroosse gedroen.

Erläichendag gouf an der kathoulescher Kierch an Europa ëm 1246 op Initiativ vun der helleger Julienne agefouert, a fir d'éischt am Bistum Léck gefeiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erläichendag – Biller, Videoen oder Audiodateien