Ermesinde vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ermesinde vu Lëtzebuerg
Juli 1186 – 12. Februar 1247
Ermesinde sarcophage Clairefontaine Belgium 01.jpg
Gräfin vu Lëtzebuerg
Amtszäit 1196-1247
Virgänger Heinrich IV.
Nofolger Heinrich V.
Papp Heinrich de Blannen
Mamm Agnes vu Geldern

D'Ermesinde vu Lëtzebuerg, gebuer am Juli 1186 a gestuerwen den 12. Februar 1247, war vun 1196 bis zu hirem Doud Gräfin vu Lëtzebuerg. Bekannt ass se haut virun allem well se enger Rei Stied de Fräiheetsbréif ginn huet: 1236 Iechternach, 1239 Diddenuewen an 1244 Lëtzebuerg.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf als eenzeg Duechter an Ierwin vum Grof Heinrich de Blannen (Heinrich de IV.) vu Lëtzebuerg an der Agnes vu Geldern, Duechter vum Grof Heinrich II. gebuer.

Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel oder Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Wéi den Heinrich de IV. 1196 am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass, hat déi kleng Ermesinde grad emol 10 Joer. Si huet d'Grofschafte vun Durbuy a vu Laroche geierft. De Keeser Heinrich VI. krut d'Grofschaft Lëtzebuerg zougesprach, well de Keeser Friedrich I. Barbarossa dat bei der Gebuert vun der Ermesinde am viraus sou decidéiert hat. Den Heinrich VI. huet awer du sengem Brudder, dem Otto I. vu Burgund, d'Grofschaft Lëtzebuerg geschenkt.

Den Heinrich de IV. hat dat awer komme gesinn, an dofir huet hie schonn 1189 déi deemools dräi Joer al Ermesinde mam Grof Theobald I. vu Bar, verloobt. 1197 hunn déi zwee sech bestuet a gläich nom Bestietnes huet de Grof Theobald, dee jo duerch d'Hochzäit Regent gi war, Verhandlunge mam Otto vu Burgund opgeholl, fir datt d'Ermesinde sollt d'Grofschaft Lëtzebuerg zréckkréien, wat och geschitt ass.

D'Ermesinde an den Theobald krute 4 Kanner:

  • Renaud, Här vu Briey († virun 1214),
  • e Meedchen († 1214),
  • Elisabeth († 1262), bestuet mam Valeran vu Limbourg († 1242), Här vu Monschau,
  • Marguerite, bestuet mam Hugo III. († 1243), Grof vu Vaudémont, duerno mam Henri vu Bois, Regent vun der Grofschaft Vaudémont.
Dem Walram säi Wopen,
lénks viru senger Hochzäit
mat der Ermesinde, riets duerno
Coat of arms walram III 1.png
Coat of arms walram III 2.png

De Grof Theobald ass den 13. Februar 1214 gestuerwen. D'Ermesinde, déi grad 27 Joer hat, huet sech kuerz drop mam Walram vu Limburg–Arel († 1226) bestuet. Duerch dat Bestietnes koum d'Maarkgrofschaft Arel an de Besëtz vu Lëtzebuerg. Deen Zoustand huet bis 1839 gedauert.

Si kruten 3 Kanner:

1226 ass de Walram gestuerwen an d'Ermesinde war mat 40 Joer fir d'zweet Kéier Witfra. Vun do un an nodeem se wéinst Ugrëff op Kiercheland exkommunizéiert gouf, huet si hiert Liewen haaptsächlech fir karitativ a reliéis Zwecker agesat.

D'Ermesinde huet als Herrscherin vu Lëtzebuerg eng ganz Rei vu Reformen duerchgefouert, vun deene gewëssen Aflëss nach haut ze spiere sinn. Sou huet si zum Beispill d'Administratioun vum Land u Beamten ofgetrueden, si huet Franséisch als Landessprooch agefouert a si huet enger Rei vu Stied am Land e Fräiheetsbréif geschriwwen: 1236 Iechternach, 1239 Diddenuewen an 1244 Lëtzebuerg.

D'Ermesinde ass den 12. Februar 1247 gestuerwen an ass an der Mariekapell zu Clairefontaine bei Äischen, begruewen.

Geschicht vun hirem Graf[änneren | Quelltext änneren]

Der Ermesinde hire Sarkophag
Steen zu Clairefontaine

D'Legend seet, datt d'Gräfin enges Daags an der Ëmgéigend vun hirem Schlass, dem "Schlass Baardebuerg" an der Emgéigend vun Äischen spadséiert ass. Do huet si eng Fra gesinn, déi vun engem Hiwwel erofkoum an déi an hirem Aarm e Kand gehalen huet, dat a Schoofspelz agewéckelt war, op deem ee schwaarzt Kräiz drop war.

D'Gräfin war iwwerzeegt, datt et sech dobäi ëm d'Muttergottes gehandelt huet, an huet dofir op där Plaz d'Klouschter dat spéider d'Abtei Notre-Dame de Clairefontaine ginn ass, geplangt. An hirem Testament huet si festgehalen, datt si sollt op där Plaz begruewe ginn. D'Klouschter vu Clairefontaine gouf effektiv eréischt vun hirem Jong Heinrich V. gebaut.

No jorelaanger Aktivitéit gouf dat Klouschter um Enn vum 18. Joerhonnert vu franséischen Truppen zerstéiert, bis d'Jesuitepateren tëscht 1875 an 1877 en Deel, an ënner anerem déi al Kapell vum Klouschter erëm opgebaut hunn.

Während deenen Aarbechte fënnt den 11. Mee 1875 de Jesuitenmënch Martin Paul ee Grafsteen ënner deem mënschlech Iwwerreschter louchen. Nieft dem Skelett louch eng Plack op där stoung: "Voici les precious ossements de la très Illustre et Pieuse Princesse Ermesinde, Comtesse Souveraine de Luxembourg et de Namur. Notre heureuse fondatrice que Dieu Glorifie et sans fin Bénisse". 1747, kuerz ier dat aalt Klouschter vun de Fransousen zerstéiert gouf, haten d'Nonnen d'Iwwerreschter vun der Ermesinde hei verstoppt.

Am Moment läit d'Ermesinde an der Krypta vun der Kapell vu Clairefontaine.

D'Mariekapell vu Clairefontaine

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Margue (ënner der Leedung vum), Ermesinde et l'affranchissement de la ville de Luxembourg - Études sur la femme, le pouvoir et la ville au XIIIe siècle ; Lëtzebuerg (Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg & CLUDEM, Bd. 7), 1994; 327 Säiten; ISBN 2-919979-04-3
  • P. Jos. Adam, Ermesinde, Gräfin von Luxemburg (1186-1247) ; in: Heimat + Mission (= Zäitschrëft vun den Häerz-Jesu-Patere vu Clairefontaine; Drock: Sankt-Paulus, Lëtzebuerg), Joergang 1997, Nr. 1/2, Ss. 3-15 (ill., Bibliogr.).
  • J. Herbet (Text) & Palix (Biller), Ermesinde entre légende et vérité ; Neufchâteau (Weyrich Édition), 2012; 52 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87489-143-4
  • Emile Haag, Ermesinde *1186 1247: la consolidation de l'État féodal ; in: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 90-97.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ermesinde vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Heinrich IV.
Gräfin vu Lëtzebuerg
1196-1247
Nofolger:
Heinrich V.