Ermitage Restaurant

Vu Wikipedia

Den Ermitage Restaurant ("Эрмитаж") war e bekannte Restaurant zu Moskau, dee vun 1864 bis 1917 héich Franséisch Kiche gebueden huet. Do gouf och déi faméis Olivierzalot erfonnt, déi sech séier zum Markenzeeche vum Etablissement entwéckelt huet.

1864 hunn de Geschäftsmann Jakow Pegow an de Kichechef Lucien Olivier sech zesummegedoen, fir net wäit vun der Rouder Plaz ewech, op der Trubnaja Plaz ("Трубная площадь"), e Gebai ze kafen an dodran e Restaurant mat gehuewener Kichen opzemaachen.

Si konnte sech net nëmme wéinst der Olivierzalot séier en Numm maachen. Sou huet z. B. de Pjotr Tschaikowski do seng Hochzäit gefeiert, an och den Iwan Turgenew, de Fjodor Dostojewski an de Maxim Gorki haten do Festiessen.

Nom Doud vum Olivier am Joer 1883 ass de Restaurant nach weidergefouert ginn, wann och d'Olivierzalot net méi nom Originalrezept preparéiert konnt ginn, well där hir genee Zesummesetzung hat de mësstrauesche Kach am Alter vun nëmme 45 Joer mat an d'Graf geholl.

No 53 Joer koum 1917 mat den deemolegen Ëmstierz am Land dat definitiivt Enn fir de Restaurant.

D'Gebai selwer besteet awer ëmmer nach, 1921 koum als éischt eng Aarmekiche vun der A.R.A. dran, 1923 e Kino, nom Zweete Weltkrich e Verlag, an zanter 1989 gi seng Raim vun der Moskauer Schoul vum Modernen Dramatheater benotzt.

Aner Ermitage Restauranten, wéi déi zu Sankt Péitersbuerg, Monte Carlo, Kairo, an an den USA, hu mam Moskauer Original näischt gemeinsam ausser dem Numm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ermitage Restaurant – Biller, Videoen oder Audiodateien