Erna Berger

Vu Wikipedia
Erna Berger
Gebuer 19. Oktober 1900
Dresden
Gestuerwen 14. Juni 1990
Essen
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Operesänger, Universitéitsprofesser, Schauspiller

D'Erna Berger, gebuer den 19. Oktober 1900 zu Cossebaude bei Dresden (déi Zäit am Kinnekräich Sachsen), a gestuerwen de 14. Juni 1990 zu Essen an Nordrhein-Westfalen, war eng däitsch Sopranistin.

Nom Éischte Weltkrich sinn hir Elteren a Paraguay emigréiert. 1924 ass d'Erna Berger nees an Däitschland zeréckkomm, an huet hir Stëmm zu Dresden ausbilde gelooss. Fir d'éischt Kéier op enger Bün war si 1925 wéi de Fritz Busch si als ee vun den dräi Bouwen an der Zauberflöte an der Dresdner Staatoper engagéiert huet. Den Hierdejong am Tannhäuser huet si 1930 zu Bayreuth ënner dem Toscanini gesongen. Vun 1934 un war d'Erna Berger 20 Joer laang Member vun der Staatsoper Berlin.

Concertsreese konnt déi wichtegst däitsch Koloratursopranistin vun hirer Generatioun uechter déi ganz Welt maachen. Zanter 1960 war si Professer zu Hamburg op der Musekshéichschoul.

Et gëtt vill Plackenopname mat der Erna Berger.

Bicher zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Erna Berger: Auf Flügeln des Gesanges - Erinnerungen einer Sängerin, Atlantis Musikbuch, 1989
  • Karla Höcker: Erna Berger, Rembrandt Verlag, 1961, 62 Säiten, vergraff.