Erneierbar Energie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Wandenergieanlag am Wandpark zu Hengescht

De Begrëff erneierbar Energien, och regenerativ Energië genannt, bezeechent Energie aus nohaltege Quellen, déi no mënschleche Virstellungen ouni Enn sinn.

Dës Energie gëtt aus natierleche Prozesser vun eiser Ëmwelt gewonnen, wéi z. B. duerch d'thermonuklear Ëmwandlung an der Sonn, déi een dann z. B. mat Photovoltaikanlagen a Stroum ëmwandele kann.

Inhaltsverzeechnes

Begrëff [änneren]

Déi verschidden erneierbar Energien [änneren]

Solarpanneauen um Daach vum Galileo Science Mobil

Global Bedeitung [änneren]

D'erneierbar Energiequelle wäerten déi fossil an nuklear Energiequelle laangfristeg ersetzen, well d'Reserve vun dëse begrenzt op der Äerd ze Verfügung stinn, hiren Asaz ökologesch problematesch ass an an Zukunft den Energieverbrauch weltwäit nach weider klamme wäert. Duerch Fërderung vu regenerativen Energie wäert op laang Zäit d'Schuedstoffbelaaschtung, déi duerch Verfeiere vu Kuel, Ueleg a Gas entsteet, erofgesat ginn an dozou bäidroen, datt de Klimawandel net esou séier viru geet.

Déi héich Uschafungskäschte bei den Anlage vun erneierbarer Energie an déi nach gënschteg konventionell Primärenergieträger verhënneren ee séieren Iwwergaang. D'Leeschtungsverhältnis zu de konventionellen Energiequellen, wéi d'Notzung vu fossile Brennstoffer oder vu Kärbrennstoffer, ass momentan nach zimlech niddreg. D'Leeschtungsoffer, virun allem vu Sonn a Wand, ass groussen zäitleche Schwankungen ausgesat.

Politesch Erausfuerderung [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Erneierbar Energie – Biller, Videoen oder Audiodateien