Ernest Arendt (Riichter)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Riichter Ernest Arendt. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Ernest Arendt.
Ernest Arendt
Gebuer 27. Abrëll 1855
Gestuerwen 8. Januar 1949
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Famill
Papp Charles Arendt

Den Ernest Arendt, gebuer de 27. Abrëll 1855 zu Gréiwemaacher a gestuerwen den 8. Januar 1949 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.[2]

Den Ernest Arendt huet Droit studéiert an am Mee 1879 säi lëtzebuergeschen Doktorat mat Distinctioun gepackt.[3] Am Juni 1879 ass hien als Affekot beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg zougelooss ginn.[4]

1883 ass den Ernest Arendt Substitut zu Dikrech ginn, 1885 Riichter um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg, 1888 Avocat général op der Cour supérieure de justice, wou hien 1894 Conseiller, 1912 Vizepresident an 1913 President gouf. 1923 ass hien an d'Pensioun gaangen.[4][5]

Vun 1902 bis 1931 war den Arendt Member vum Staatsrot, wou hien 1929 Vizepresident a President vum Comité du contentieux ginn ass.[4][5]

Vum 8. Dezember 1916 bis de 17. September 1918 war den Ernest Arendt lëtzebuergesche Chargé d'affaires zu Berlin.[4]

Den Ernest Arendt war de Fils vum Staatsarchitekt Charles Arendt.[6]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zesummen mam Auguste Liger an dem Joseph Würth-Weiler huet den Ernest Arendt zwéi Bänn vun der Lëtzebuerger Pasicrisie publizéiert:[7]

  • Pasicrisie luxembourgeoise. Troisième volume, 1893-1895. Schroell, Luxembourg, LI + 576 S.
  • Pasicrisie luxembourgeoise. Quatrième volume, 1896, 1897 et 1898. Schroell, Luxembourg, LII + 576 S.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Doudesannonce vum Ernest Arendt am Wort vum 10. Januar1949 op eluxemburgensia.lu Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-01-05.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. Luxemburger Wort 1879-04-29, Nr. 99, S. 2 (Amtliches).[1].
    Luxemburger Wort 1879-06-11, Nr. 134, S. 2 (Inland).[2]
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Tageblatt 1948-04-27, Nr. 97, S. 3 (Aus der Hauptstadt. Der älteste, im Ruhestande lebende Magistrat).[3]
  5. 5,0 5,1 Escher Tageblatt 1945-04-27, Nr. 96, S. 2 (Stadt Luxemburg. Ernest Arendt 90 Jahre alt).[4]
  6. Luxroots.com.
  7. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, S. 24.
  8. Mémorial A N° 4 vum 26. Januar 1929 Säit 4 mat der Lëscht vun de Leit déi 1929 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen