Ernest Dominique Laeis

Vu Wikipedia
Ernest Dominique Laeis
Gebuer 16. Mäerz 1788
Holsthum
Gestuerwen 17. Juli 1872
Holsthum
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker, Auteur, Jurist
Famill
Kanner Petronella Laeis

Den Ernest Dominique Laeis (Läis), gebuer de 16. Mäerz 1788 zu Holsthum (deemools Herzogtum Lëtzebuerg, haut Däitschland) an do gestuerwen de 17. Juli 1872, war e lëtzebuergesch-däitsche Jurist an Auteur.[1]

Hie war de Fils vum Jean Mathias Dominique Laeis (1755-1836) an der Anne Apoline Flesch (1765-1820).[2] Hie goung 1810 op Paräis Droit studéieren an huet do am Abrëll 1813 säin Examen als Affekot gemaach. Hie war e fervente Veréierer vum Napoleon.[3]

Enn 1813 oder ufanks 1814 huet den Ernest Laeis sech als Affekot-Avoué zu Iechternach niddergelooss,[3] a vum 15. August 1814[4] bis de 26. Oktober 1817 war hie Buergermeeschter vun Iechternach.[5] 1819 ass hien op Tréier geplënnert. Vun 1820 bis 1845 war hien dann Affekot-Avoué beim Landgeriicht Tréier. 1846 ass hien erëm op Iechternach zeréckkomm. An och wann hien nach bis 1856 zu Tréier als Affekot gefouert gouf, sou huet hien dach net méi selwer do plädéiert.[3]

De Laeis hat sech 1822 zu St. Vith mat der Petronella Baptist (1799-1839) vun Tréier bestuet. Si haten dräi Kanner: Petronella (*1823), Christoph (*1824) an Eduard (*1826). D'Duechter Petronella huet 1841 den Auguste Metz bestuet. Si ass 1886 zu Eech gestuerwen.[3]

Dem Laeis seng Fra ass den 28. Mee 1839 zu Tréier gestuerwen. Am August 1844 huet hien d'Wittfra Antonetta Peez vu Kreuznach kenne geléiert. Mam Meederchersnumm huet si Schmidt geheescht; si ass 1797 zu Bretzenheim an der Nahe[6], no bei Kreuznach, op d'Welt komm.[7] Am Juni 1845 huet de Laeis sech mat hir an der St. Nikolaus-Kierch zu Kreuznach[8] bestuet. Hie schéngt sech bal e Joer laang zu Kreuznach opgehalen ze hunn, huet dann awer am Laf vum Joer 1846 decidéiert, sech mat senger zweeter Fra zu Iechternach nidderzeloossen, wou d'Koppel um Vulpert gewunnt huet. Am Februar 1862 ass d'Antonetta Laeis-Schmidt gestuerwen an zu Iechternach begruewe ginn. De Laeis ass duerno bei seng Schwëster Thérèse an d'Familljepropriétéit zu Holsthum wunne gaangen.[3]

De Laeis war den Dafpätter vum Karl Marx sengem Brudder Hermann a senger Schwëster Emilie; hie war Zeie bei der Hochzäit vum Marx senger Schwëster Sophie.[9]

De Laeis, deen nieft Däitsch fléissend Franséisch a Latäin konnt, huet sech och als Auteur ervirgedoen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Läis, E.D., 1830. Die Stock- und Vogteiguts-Besitzer der Eifel und der umliegenden Gegenden wider ihre Gemeinden in Betreff streitiger Waldungen. Historisch-juristische Darstellung merkwürdiger Rechtsfälle, nebst ihre Entscheidungen und Belegen. Bd. 1. Trier, VI, 418 S. [2]
  • Läis, E.D., 1831. Die Stock- und Vogteiguts-Besitzer der Eifel und der umliegenden Gegenden wider ihre Gemeinden in Betreff streitiger Waldungen. Historisch-juristische Darstellung merkwürdiger Rechtsfälle, nebst ihre Entscheidungen und Belegen. Bd. 2. Trier, VIII, 376 S. [3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gal, R. M., 2000. Ernest Dominik Laeis. In: H. Monz (Hrsg.): Trierer Biographisches Lexikon. WVT Wissenschaftlicher Verlag Trier, S. 245.
  • Laeis, W., 1982. Chronik der Familie Laeis. 1. Teil: Die 6 ältesten Generationen (ca. 1660-1910). Köln, [10], 241 S. BNL
  • Laeis, W., 1987. Ernest Dominik Laeis (1788-1872): Bürgermeister in Echternach, Advokat-Anwalt in Trier, Gutsbesitzer in Holsthum, der "Beinah"-Taufpate von Karl Marx. Mitteilungen der westdeutschen Gesellschaft für Familienkunde, 1987, H. 1, S. 2-8. BNL
  • Mersch, J., 1963. Les Metz, la dynastie du fer. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 12, S. 311-605 (La famille Laeis: S. 544-548). [4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gal 2000, Laeis 1982, 1987.
  2. Laeis 1982, 1987; beim Laeis 1982 (Stammtafel 6) steet: 1764 (amplaz 1765) - 23.9.1820.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Laeis 1982, 1987.
  4. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  5. Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  6. Mersch 1963, S. 547.
  7. De Jules Mersch (1963) nennt d'Fra "Catherine Schmidt"; am "Trierer Biographisches Lexikon" gëtt si "Witwe Antonietta Peez Schmitt" genannt (Gal 2000).
  8. Laeis 1982, 1987; net zu Iechternach, wéi de Jules Mersch (1963) schreift.
  9. Laeis 1982, 1987. Kuckt och: M. Schöncke, 2006. Die Bibliothek von Heinrich Marx im Jahre 1838: ein annotiertes Verzeichnis. In: Marx-Engels-Jahrbuch 2005, S. 153. [1]