Ernest Mühlen
Den Ernest Mühlen, gebuer den 8. Juni 1926 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen Economist a Politiker.
No der Primärschoul an dem Lycée zu Dikrech studéiert den Ernest Mühlen zu Antwerpen op der staatlecher Handelshéichschoul (Licence en sciences commerciales et financières) an duerno zu Paräis op der Faculté de Droit (Docteur en sciences économiques).
Vun 1952 bis 1973 ass den Ernest Mühlen Haaptadministrateur bei der Montanunioun an uschléissend bei der Europäescher Kommissioun.
Vun 1973 un ass hie fräie Finanzjournalist.
1973 gëtt hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Vun 1979 bis 1982 ass hien als Member vun der CSV Staatssekretär fir Finanzen an der Regierung Werner-Thorn. 1982 gëtt hien, no enger Ëmbildung, Landwirtschaftsminister (bis 1984).
Vun 1984-1989 war hie Member vum Europaparlament (Europäesch Volkspartei). Vun 1989-1991 ass hien Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber.
Vun 1991 bis 1996 vertrëtt hie Lëtzebuerg am Verwaltungsrot vun der Osteuropabank (BERD) zu London.
Den Ernest Mühlen ass Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.
Hien ass bestuet an huet zwee Kanner (Jean a Georges).
Inhaltsverzeechnes |
Publicatiounen [änneren]
- Ernest Mühlen: Le marché financier luxembourgeois face à la conversion inustrielle, Imprimerie Bruck, Luxembourg, 1963
- Ernest Mühlen : Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
- Ernest Mühlen : Les Marchés Européens des Capitaux, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1970
- Ernest Mühlen: Possibilités et limites d’une politique des revenus au Grand-Duché de Luxembourg, Publications de l’Institut Grand-Ducal, Section des Sciences morales et politiques, Vol. I, 1970, SS. 35-49
- Ernest Mühlen: Zukunftsmodelle : Konsumgesellschaft am Scheideweg, Luxemburger Marienkalender, 1973, SS. 48-54
- Ernest Mühlen, Pierre Werner: Les finances communales, Cahiers économiques, n. 4, Banque Internationale à Luxembourg, Luxembourg, pp. 1–29, 1975
- Ernest Mühlen: Politique de structure et aménagement du territoire, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1971
- François Biltgen, Ernest Mühlen: La loi du 6 décembre 1991 sur le secteur des assurances : consolidation et perspectives de la place des assurances et réassurances, Collection Réalités et Perspectives, n°3-1992, Banque générale du Luxembourg, Luxembourg, 59 p.
Szenarie fir Filmer [änneren]
- Ernest Mühlen: Serie: Objectif 2000 realiséiert 1969 fir RTL:
- Reconversion
- Wolz an den E'slecker Raum
- D'Musel industrialiséiert sech
- De Minett passt sech un
Auszeechnungen [änneren]
- Goldmedail vum Mérite Européen: (16. November 2007);
- Grand-Croix vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1997)[1]
- Grand-Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau, Holland
- Grand-Croix vum Orden del Merito Civil, Spuenien
- Commandeur vum Ordre de Léopold, Belsch
- Grosses Bundesverdienstkreuz, Däitschland
- Lëtzebuerger Wëssenschaftspräis (1968)
- Benelux-Präis fir Journalisten (1969)
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ernest Mühlen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Portrait vum Ernest Mühlen um Site vum Europaparlament
- (fr)Offiziell Säit vun der BERD (Banque Européenne de Reconstruction et de Développement)