Ernst Lubitsch

Vu Wikipedia
Ernst Lubitsch
Gebuer 29. Januar 1892
Berlin
Gestuerwen 30. November 1947
Hollywood
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland, USA
Aktivitéit Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Filmediteur, Filmschauspiller, Regisseur
Den Ernst Lubitsch (virun 1920).

Den Ernst Lubitsch, gebuer den 29. Januar 1892 zu Berlin a gestuerwen den 30. November 1947 zu Los Angeles, war en däitsch-US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.

No e puer Theater- a Cabaretsrollen huet de Lubitsch 1913 als Schauspiller eng éischt Kéier an engem Film matgespillt, Die ideale Gattin. Deen éischte Film, bei deem e Regie gefouert huet, war Blindekuh. Vun do un huet hie just nach seele selwer matgespillt. Seng éischt Filmer ware Slapstick-Comedien; vun 1919 u koumen ëmmer méi dacks historesch Filmer mat derbäi. 1922 ass hien an d'USA emigréiert. Do hat hie gläich Succès mat den Historefilmer Anna Boleyn an Das Weib des Pharao No Rosita, deen e fir d'a mat der Mary Pickford gedréint huet, goung hie fir dräi Joer bei d'Warner Brothers, an duerno bei d'Paramount. Filmer aus där Zäit sinn d'elegant Comedien Lady Windermere's Fan a Kiss Me Again, oder d'Geschichtsverfilmunge Forbidden Paradise an The Patriot.

An där Zäit huet sech och de sougenannte Lubitsch Touch erausgeschafft, dee säi Markenzeeche gouf. Dëse bestoung doranner, duerch zweedeiteg Dialogen oder d'Ewechloosse vun Zeenen et dem Zuschauer senger Fantasie z'iwwerloossen, wat dertëschent geschitt ass, oder wat soss nach gemengt kéint sinn, a sou déi prüd Zensur z'ëmgoen.

Mam Opkomme vum Tounfilm huet de Lubitsch e puer Operetten oder Musicals verfilmt, all mat groussem Succès, wéi The Student Prince of Old Heidelberg, Eternal Love' The Love Parade oder The Smiling Lieutenant.

Dee méi seriöe Film The Man I Killed/aka Broken Lullaby hat do dergéint manner Succès beim Publikum, sou datt de Lubitsch just nach Comedië gedréint huet. Dorënner sinn Trouble in Paradise, The Marry Widow (mam Maurice Chevalier) an Angel (mat der Marlene Dietrich). 1938 goung hie bei d'MGM, fir do mat der Greta Garbo de Film Ninotchka ze dréien. Manner Succès hat e mat The Shop Around the Corner an That Uncertain Feeling. 1942 huet e säi bis haut bekanntste Film gedréint, d'Nazi-Parodie To Be or Not To Be.

1947 huet hien de Éieren-Oscar fir säin innovative Regie-Stil kritt. Seng zwéi lescht Filmer, A Royal Scandal an That Lady in Ermine, konnt hien no engem Häerzschlag net méi selwer fäerdegmaachen; den Otto Preminger huet dat iwwerholl. vo

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Däitsch Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1913: Die ideale Gattin (Schauspiller)
  • 1913: Die Firma heiratet (Schauspiller)
  • 1914: Bedingung - kein Anhang (Schauspiller)
  • 1914: Der Stolz der Firma (Schauspiller)
  • 1915: Blindekuh (Regie/Schauspiller)
  • 1915: Ein verliebter Racker (Schauspiller)
  • 1915: Fräulein Piccolo (Schauspiller)
  • 1915: Fräulein Seifenschaum (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1915: Zucker und Zimt (Regie/Dréibuch/Schauspiller/Produktioun)
  • 1915: Aufs Eis geführt (Regie/Dréibuch/Produktioun)
  • 1915: Arme Maria (Schauspiller)
  • 1915: Der gemischte Frauenchor (Regie/Schauspiller)
  • 1915: Sein einziger Patient (Regie/Schauspiller)
  • 1915: Robert und Bertram / Die lustigen Vagabunden (Schauspiller)
  • 1915: Der Kraftmeier (Regie/Schauspiller)
  • 1915: Der letzte Anzug (Regie/Schauspiller)
  • 1916: Leutnant auf Befehl (Regie/Schauspiller)
  • 1916: Als ich tot war (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1916: Dr. Satansohn (Schauspiller)
  • 1916: Schuhpalast Pinkus (Regie/Schauspiller)
  • 1916: Das schönste Geschenk (Regie/Schauspiller)
  • 1916: Der G.m.b.H.-Tenor (Regie/Schauspiller)
  • 1916: Die neue Nase (Regie/Schauspiller)
  • 1916: Keiner von beiden (Kuerzfilm)
  • 1917: Ossi's Tagebuch (Regie)
  • 1917: Käsekönig Holländer (Regie/Schauspiller)
  • 1917: Der Blusenkönig (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1917: Hans Trutz im Schlaraffenland (Schauspiller)
  • 1917: Wenn vier dasselbe tun (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1917: Das fidele Gefängnis (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1917: Prinz Sami (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1918: Der Rodelkavalier (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1918: Ich möchte kein Mann sein (Regie/Dréibuch)
  • 1918: Das Mädel vom Ballett
  • 1918: Der Fall Rosentopf (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1918: Die Augen der Mumie Ma
  • 1918: Carmen
  • 1918: Meine Frau, die Filmschauspielerin (Regie/Dréibuch)
  • 1919: Rausch (Regie/Dréibuch)
  • 1919: Der lustige Ehemann
  • 1919: Meyer aus Berlin (Regie/Schauspiller)
  • 1919: Die Austernprinzessin (Regie/Dréibuch)
  • 1919: Madame Dubarry
  • 1919: Die Puppe (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1920: Die Wohnungsnot
  • 1920: Kohlhiesels Töchter (Regie/Dréibuch)
  • 1920: Romeo und Julia im Schnee (Regie/Dréibuch)
  • 1920: Sumurun (Regie/Dréibuch/Schauspiller)
  • 1920: Anna Boleyn
  • 1921: Die Bergkatze (Regie/Dréibuch)
  • 1922: Das Weib des Pharao
  • 1922: Die Flamme (Regie/Produktioun)

US-amerikanesch Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Herta-Elisabeth Renk: Ernst Lubitsch. Mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten (= Rowohlts Monographien. Bd. 502). Rowohlt, Reinbek bei Hamburg 1992, ISBN 3-499-50502-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ernst Lubitsch – Biller, Videoen oder Audiodateien