Ernst Melchior

Vu Wikipedia
Ernst Melchior
Gebuer 26. Juni 1920
Villach
Gestuerwen 5. August 1978
Rouen
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Football Club de Nantes

Den Ernst Melchior, gebuer de 26. Juni 1920 zu Villach an Éisträich, a gestuerwen de 5. August 1978 zu Rouen (Frankräich), war en éisträichesche Foussballspiller an -trainer.[1] E gëllt haut nach als ee vun de beschten éisträichesche Stiermer vun der Nokrichszäit. Am Bezirk Leopoldstadt zu Wien ass eng Strooss no em benannt.

Carrière als Foussballspiller[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet bei den Amateure vun SV Villach ugefaange mat Foussball spillen. 1946 ass e geruff ginn, fir an der éisträichescher Nationalekipp ze spillen. E war den éischten Amateurspiller dee fir den A-Kader gespillt huet. Bei sengem éischte Spill konnt hien och direkt e Gol schéissen (3:2 Victoire géint Ungarn).

Deemno ass et dozou komm, datt den Austria Wien de jonke Melchior 1946 ënner Vertrag geholl huet. Mam Austria Wien hat hien och seng gréisst Erfolleger gefeiert. An 158 Spiller huet hien 122 Goler geschoss, en huet dräimol Mol d'Meeschterschaft gewonnen an zweemol d'Coupe.

1953 ass e bei de franséischen Zweetligist FC Rouen gewiesselt. Säi gréissten Erfolleg war d'Véierelsfinall vun der Coupe 1954 déi Rouen géint den Olympique Marseille 2:3 verluer hat. Vun 1958 bis 1959 huet e fir den FC Nantes, och en Zweetligist, gespillt.

Hien huet tëscht 1946 an 1953 fir déi Éisträichesch Foussballnationalekipp 36 Spiller gespillt an dobäi 16 Goler geschoss. Mat der Nationalekipp ass hien och op d'Olympesch Summerspiller 1948 gaangen.

Carrière als Trainer[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp vum 12.Oktober 1969 bis de 26. Abrëll 1972 als Trainer betreit, déi an där Zäit 22 offiziell Lännermatcher gespillt huet.[2] Hie war an der selwechter Period Trainer vun der Jeunesse Esch.

Hien huet ausserdeem och Beşiktaş Istanbul, Fortuna Düsseldorf an den FC Rouen als Trainer betreit.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Ernst Melchior op der Websäit Weltfussball.de
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp ënner dem Trainer Ernst Melchior