Ernzen (Irrel)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Ernzen an der Verbandsgemeng Irrel. Fir déi lëtzebuergesch Uertschaft, déi op däitsch och Ernzen heescht, kuckt w.e.g. Iernzen. |
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||
| Bundesland : | |||||
| Landkrees : | |||||
| Verbandsgemeng : | |||||
| Fläch : | 999 ha | ||||
| Awunner : | 427 (31. Dez. 2010) | ||||
| Koordinaten : | 49° 50' 30" N 06° 25' 32" O |
||||
| Lag vun der Uertschaft | |||||
Ernzen ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Irrel, am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz. Se läit op der Südsäit vum Ferschweiler Plateau.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'Geschicht vun Ernzen ass bis un d'Enn vum 18. Jorhonnert enk mam Klouschter Iechternach verbonnen. Eng éischte Kéier ass et als Arenza 895 an enger Charte ernimmt, mat där de loutrengesche Kinnek Zwentibold dem Iechternacher Klouschter de Besëtz vun der Uertschaft confirméiert huet. Dokumenter vu méi spéit schwätze vun Erneza (1148), Herense, Errensem an Ernszem.
1570 gouf eng Kapell an der Uertschaft als eng Filial vun Iechternach ernimmt. Se gouf 1613 restauréiert an 1808 nei opgebaut, andeems en Altor aus der Liboriuskapell, déi verfall war, do opgeriicht gouf. Ernzen war mat Ferschweiler, Prümzurlay a Laeisenhof êng vun de véier Meiereien vun der Propstei Iechternach, zu där och nach e puer Häff a Mille gehéiert hunn.
1848 hat d'Bürgermeisterei Ernzen 1612 Awunner.
[änneren] Populatioun
|
|
|
Source: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz, all Kéiers den 31. Dezember.
[änneren] Kuckeswäertes
- Den Ernzer Felsenweiher, e Kaarpeweier aus dem 19. Joerhonnert, haut eng idyllisch Plaz
- E réimescht Monument aus dem 2. Jh. n. Chr.
[änneren] Um Spaweck
- Uertsgemeng Ernzen
- Den Ernzer Fielseweier
- Römisches Weihedenkmal (1) (2)